Dës Persoune stinn ënner Verdacht Drogen importéiert oder besëtzt ze hu fir se ze verkafen. Si sinn an Untersuchungshaft.
Eng Enquête leeft dann ënner anerem géint d'Organisateure vun der Party. An et wier eng gréisser Quantitéit vu professionellem Toun-Material, grad ewéi Camionen a Camionnette fir d‘Material ze transportéieren, saiséiert ginn, heescht et nach am Schreiwes.