arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill prozedural Froen um Optakt vum zweete Bommeleeër-Prozess

Siwe Beschëllegter

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Vill prozedural Froen um Optakt vum zweete Bommeleeër-Prozess

Ganz zéi ass den zweete Bommeleeër-Prozess gëschter um Méindegmëtteg um Stater Geriicht ugaangen: Um 1. Dag stoungen nämlech virun allem prozedural Froen am Mëttelpunkt. Den u sech 7 Ugeklote gëtt virgehäit, am éischte Prozess vun 2013 an 2014 op bis zu 33 Punkten net d’Wourecht gesot ze hunn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht - klenge Sall 1.07 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - klenge Sall 1.07 (Foto: Eric Ewald)

Um Enn musse sech awer just 6 Beschëllegt viru Geriicht veräntweren: Well den Ugeklote Paul Haan eng schwéier Demenz huet, gouf seng Prozedur vun dësem Prozess ofgetrennt.

Donieft verlaangt de Staat vun de Beschëllegten de symboleschen Euro, well duerch hiert Verhale bis dato ënner anerem eng Chance verluer gi wier, fir d’Identitéit vun de Bommeleeër gewuer ze ginn. Déi haten de Grand-Duché Mëtt der 80er Joer jo mat 20 Attentater an Otem gehalen.

De Prozess gëtt net opgeholl

De Me Hirsch an de Me Lehnen, déi nei Affekote vun den zwee initial Beschëllegten a fréiere Brigade-mobile-Membere Marc Scheer a Jos Wilmes, hunn um Ufank vum Prozess gefuerdert, datt dee sollt am Toun an/oder audiovisuell opgeholl ginn. D'Vertriederin vum Parquet Dominique Peters huet doran awer keng Noutwendegkeet gesinn. Wouropshi sech d’Riichtere ganz kuerz zeréckgezunn hunn, fir ze decidéieren, datt de Prozess net géif opgeholl ginn.

Schliisslech wieren Zeie vun der Police judiciaire do, an déi sollte gehéiert ginn. De Me Lehnen an de Me Hirsch hunn dunn erkläert, sech Partie civile ze constituéieren a jee 500.000 Euro Schuedenersatz ze froe vun de méiglecherweis um Enn Condamnéierten.

"Et geet genau sou virun, wéi et opgehalen huet"

Nieft anere Froe vun den Affekoten huet de Me Pierret, Affekot vum Guy Stebens, gemengt, dësen zweete Prozess sollt ausgesat ginn, bis een Urteel am éieschte gesprach wier. Dozou ass et jo nach net komm.

Mee d’Riichteren hunn entscheet, weiderzefueren an an hirem Urteel dorop anzegoen. Wat der Me Lydie Lorang, d’Ex-Affekotin vum initial Ugeklote Jos Wilmes a souzesoen als Memoire vum éischte Prozess present, net gefall huet. Si sot, an deem éischte Prozess wier dat och esou geschitt.

"Eis Moyene sinn all un de Fong joignéiert ginn. (...) Et geet genau sou virun, wéi et opgehalen huet. Dat heescht, do sinn awer juristesch Froen, déi sech stellen, an déi hätten elo missen toiséiert ginn. Mee dat ass meng perséinlech Meenung. Ech fannen et ongesond, dass se net elo toiséiert ginn."

Um Dënschdegmoie geet dëse Prozess virun. 

play_arrow Lauschteren