arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ronderëm Doutschlag zu Bouneweg

Viru Geriicht

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozess ronderëm Doutschlag zu Bouneweg

Am Prozess ëm en Doutschlag - am Januar 2021 - zu Bouneweg hu gëschter um Donneschdeg déi zwee Beschëllegt um Stater Geriicht ausgesot. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Cité Judiciare | © Serge Kesseler
D'Cité Judiciare (Foto: Serge Kesseler)

Viru bal 5 Joer war et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonker komm. Am Sträit goung et ëm Drogen, an um Enn hat en deemools 17 Joer jonke Mann ee vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.

Den Haaptbeschëllegte sot gëschter, hien hätt net wëllen op deen Drogendeal goen. An hien hätt och kee Gedanken doru gehat, d’Messer ze benotzen, dat hie matgeholl hat.

Am Bus eréischt d'Blutt gesinn

Hien hätt sech domat sécher gefillt, esou de jonke Mann, mee op eemol wier alles séier gaangen. Dat spéidert Affer hätt op eemol virun him gestanen a mam Messer gefuchtelt. Wéi d’Affer hien du geschloen hätt, hätt hien Angscht kritt an eng Beweegung gemaach: Hien hätt reagéiert, instinktiv, an dat, wat geschitt ass, net gewollt.

Hien hätt geduecht, d’Affer géif sech ewechhalen, wéi hie säi Messer gewisen huet. Hien hätt och net gewosst, datt hien zougestach hätt, bis hien am Bus Blutt op sech gesinn a gewosst hätt, datt et schlëmm war. Hien hätt de Matugekloten awer net gepickt.

5.500 Euro Schuedenersatz gi gefrot

Deen ass beschëllegt, well hien am Verlaf vum Sträit mat enger Matraque, déi dat spéidert Affer matbruecht hat, drageschloen hätt. D’Affer hätt dem Haaptbeschëllegten an deem sengem Kolleeg wëllen Angscht maachen an hinnen d’Droge wëlle klauen. Dowéinst wier et zum Sträit komm.

Hien hätt sech mam Haaptugeklote gehat, deem säi Kolleeg hätt e Messer gezunn an d’Affer d’Matraque. Dat Nächst, wat hie matkritt hätt, war, wéi d’Affer op eemol sot, et wier gepickt ginn. Hie selwer hätt eréischt nom ganze Virfall gemierkt, datt och hien eppes ofkrut. Seng Affekotin, d’Me Feith, huet dofir eppes iwwer 5.500 Euro Schuedenersatz fir hire Client gefrot.

Dëse Prozess dierft um Freidegmoien op en Enn kommen. 

play_arrow Lauschteren