Déi 5 stinn ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires a Fälschung virun de Riichteren, an den Haaptbeschëllegten och nach wéinst Acte de torture.
Déi suspendéiert Polizisten hätte mënscheveruechtend gehandelt, huet d’Vertriederin vum Parquet gemengt. D’Policegewalt an d’Vertusche vun Tatsaache wiere grave, wat "eng Ënnerdreiwung wier", an inadmissibel Faiten. Déi ginn zeréck op de Februar 2019.
Jiddereen hätt säin Deel Schold
Dësen Dossier géif e kruziale Punkt vun der Zesummenaarbecht tëschent Justiz a Police betreffen, huet d’Vertriederin vum Parquet um Ufank vun hirem Réquisitoire gemengt.
Et wier een dovun ausgaangen, datt d’Inspection générale de la Police erausfanne géif, datt alles riicht gelaf wier. D’Iwwerwaachungsbiller aus dem Escher Spidol, op deenen den Haaptbeschëllegten d’Affer - e syreschen Asyldemandeur - eemol ferm schléit, wieren dofir e Schock gewiescht.
Jiddereen hätt säin Deel Schold, mee et géif een Haaptbeschëllegte ginn. Woubäi si net sécher wier, ob géint deen d’Tortur kéint zeréckbehale ginn. Et wier un de Riichteren, fir doriwwer ze entscheeden. Dogéint wiere géint de Mann ënner anerem d’Coups et blessures (wéinst der "total illegitimmer Gewalt", esou d'Vertriederin vum Parquet) an d’Fälschung zeréckzebehale ginn.
Ni méi am ëffentlechen Déngscht schaffen
Wat d’Strofmooss ugeet, wier deene 5 guttzehalen, datt et esou laang gedauert huet, bis d’Affär an d’Sëtzung koum. Fir déi 4 Matugeklote misst donieft de Gruppenzwang als Circonstance atténuante gëllen. Den Haaptbeschëllegte sollt fir 6, an déi 4 Matugeklote fir jee 4 Joer an de Prisong. Donieft sollt e Verbuet gesprach ginn, fir am ëffentlechen Déngscht ze schaffen, souwéi eng Geldstrof.
D’Affekote vum Haaptbeschëllegten a vun den zwou ugeklote Polizistinnen hu fonnt, hir Cliente sollten eng Strof mat Sursis kréien. An de Me Philippe Penning, Affekot vun enger Polizistin, huet sech schwéier gedoe mat de gefrote 4 Joer Prisong fir seng Mandantin par rapport zu de 6 fir den Haaptbeschëllegten.
Dëse Prozess dierft um Donneschdegmoien op en Enn kommen.