arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplementarwalen an der Gemeng Hiefenech

National

|
headphones

1 min

Komplementarwalen an der Gemeng Hiefenech

An der Gemeng Hiefenech sinn haut um Sonndeg Komplementarwalen. Dat well zwee Leit aus dem Gemengerot geplënnert sinn: De Pol Wilgé an de Gilles Mencucci.

headphones

1 min

Fir déi zwee fräi Poste kandidéieren 3 Leit: De Marco De Jesus Godinho an de Jean Schwartz vun der Walekipp "Mir fir iech", An de Christophe Clasen.

D'Gemeng Hiefenech am Kanton Miersch huet ronn 1.550 Awunner.