arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ass et, Buergermeeschter vun enger klenger Gemeng ze sinn?

Lokalpolitik

|
headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Wéi ass et, Buergermeeschter vun enger klenger Gemeng ze sinn?

D'Gemeng Esch-Sauer krut rezent eng nei Buergermeeschtesch a Bech een neie Buergermeeschter. Et sinn zwou kleng Gemengen, wat awer net heescht, datt d'Erausfuerderungen net och grouss sinn, wéi si am 100,7-Interview erklären.

headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Mireille Welter a Max Pesch | © Jo Diseviscourt
Mireille Welter a Max Pesch (Foto: Jo Diseviscourt)

De Max Pesch ass kee ganz Onbekannten an der Nationalpolitik. Hie war grénge Conseiller am Gemengerot zu Iechternach, éier hie Buergermeeschter vun der Majorzgemeng Bech gouf. Dat nodeems seng Virgängerin Jill Goeres e Vertrauensvott verluer hat.

Uertschafte mat verschiddene Besoinen

Et wier wuel méi confortabel, op der anerer Säit ze setzen an ze meckeren, gëtt de Max Pech mat Bléck op seng vergaangen Oppositiounsaarbecht zou. Hie wier awer elo frou, endlech och Decisioune kënnen ze huelen.

“Ech si frou ze weisen, datt ech bal 15 Joer laang net fir näischt gemeckert hunn.”

D’Gemeng Bech huet eng 1.400 Awunner:innen op 10 Uertschaften an e puer Lieu-dite verdeelt. All Uertschaft hätt aner Besoinen, esou de Buergermeeschter, an nennt als Beispill d’Ubannung un den ëffentlechen Transport.

Méi komplex Aarbecht fir Gemengen

D’Mireille Welter ass zënter dem 6. Februar Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer. Virdru war si souwuel am Gemengen-, wéi och am Schäfferot. Als kleng Gemeng stéing een awer virun de selwechten Erausfuerderunge wéi déi grouss, mengt si.

D’Gemengenaarbecht wier am Allgemenge méi komplex ginn, dofir séiz een “alleguer am selwechte Boot.”

Wuel géingen hei an do Moyene feelen am Verglach zu grousse Gemengen, mee et kréich een d’Aarbecht bis elo awer gestemmt.

Allerdéngs wier dat just méiglech mam néidege Support vun der Famill a vum Patron. Do si sech béid Lokalpolitiker:innen eens.

Fusiounen: Fluch oder Seegen?

Kleng Gemenge kënnen duerch Fusioune wuessen. E Prozess, dee si dacks vun uewen erof un d’Häerz geluecht kréien.

Zu Bech war kuerz Zäit eng Fusioun mat Manternach am Gespréich. Dat wier och “naheliegend”, esou de Max Pesch, schliisslech hätt een e grousse gemeinsame Schoulsyndikat. Am leschte Walkampf war et allerdéngs kee grousst Theema méi. Och am Becher Gemengerot wier nach net doriwwer debattéiert ginn.

Esch-Sauer ass schonn eng Fusiounsgemeng. 2009 huet d’Gemeng sech mat Néngsen an Heischent zesummegeschloss. Deemools war d’Mireille Welter nach net an der Gemengepolitik aktiv. Wichteg bei Fusioune wier, datt déi Punkten, déi versprach an diskutéiert goufen, och ëmgesat ginn, mengt déi nei Buergermeeschtesch.

An hirer Gemeng wieren e puer Dierfer duerch d’Fusioun enttäuscht ginn. Dat wéilt si elo änneren.

Den Agenda fir béid Gemengen

Zu Esch-Sauer bleift iwwerdeems den Tourismus dat wirtschaftlech Zuchpäerd, och wann d’Zuele vun Touristen an der Lescht liicht zeréckgaange sinn. Et wéilt een de Leit weisen, datt Esch-Sauer eng Destinatioun ass, déi een dat ganzt Joer iwwer besiche kann, an net just am Summer, seet d’Mireille Welter.

Zu Bech wier iwwerdeems d’Prioritéit de Gemengerot nees ze eenegen. E geneeën Datum fir d’Komplementarwale steet awer nach aus. Den "Drock um Kessel" wier awer elo eraus, betount de Max Pesch.

 

play_arrow Lauschteren