De Projet vum Sportsmusée um Site Rout Lëns an der Gemeng Esch hätt net missen ëffentlech ausgeschriwwe ginn. Dat sot den CSV-Sportminister Georges Mischo gëschter um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun. Dat, well de Promoteur och Proprietär vun den Terrainen a vun den alen Turbinnen-Halen ass, an déi de Sportsmusée finalement komme soll.
Ministère ass op de Promoteur zougaangen
Datt et fir e Projet vu ronn 28 Milliounen Euro keng ëffentlech Ausschreiwung ginn ass, hat d’LSAP-Deputéiert Liz Braz nämlech a Fro gestallt.
"Dee selwechte Promoteur sollt déi Etude de faisabilité maachen. Et kéint ee mol awer vläicht d'Argument bréngen, datt dat e klengen Interessekonflikt ass, wann ee seet, ech ginn dir e Projet vun 28 Milliounen hors d'Tax, maache fir d'éischt d'Analys, ob s de dee Projet och wierklech kanns maachen. Natierlech kënnt een op d'Conclusioun, datt en dee Projet herno wäert kënne maachen."
Den CSV-Sportminister Georges Mischo argumentéiert, datt de Sportsministère sech fir de Site Rout Lëns decidéiert hätt an deemno si op de Promoteur zougaange wieren, an net ëmgedréit.
"Déi Etude de faisabilité ass gemaach ginn net nëmmen an Ofsprooch mam Promoteur, mee virun allem an Ofsprooch och mat Finanzministère, mam Sportsministère - an nach eng Kéier - och mam INPA, fir ze kucken, ob et iwwerhaapt méiglech ass, do eppes hinzekréien."
De Regierungsrot hätt seng Propositioun - de Site vun der Rouder Lëns also - als appropriéierte Standuert fir de geplangte Sportsmusée validéiert gehat. Et wier deemno net zu engem Appell à candidature komm. Dat wier awer och op villen anere Sportssitten de Fall, esou de Minister.
Ouverture fir 2028 geplangt
De Sportsmusée an eng Arena hätten initial sollen zu Esch-Lankelz gebaut ginn. De Projet war awer - offiziell am Joer 2024 - gestoppt ginn, well op dësem Site net integral dierf gebaut ginn.
Den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo war wärend der Planungsphas vum éischte Musée zäitweis Buergermeeschter vun der Gemeng Esch-Uelzecht.
Deen neie Sportsmusée soll 2028 seng Dieren opmaachen. De Staat wäert de Projet da schlësselfäerdeg vun der Gemeng Esch ofkafen.