arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politikerin a Geschäftsfra: Firwat et net ëmmer einfach ass, d’Rollen ze trennen

Barbara Agostino am Interview

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

Politikerin a Geschäftsfra: Firwat et net ëmmer einfach ass, d’Rollen ze trennen

Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert. Als Volleksvertriederin sollt ee sech keng Virdeeler verschafen, mengt d'DP-Politikerin, awer och net ëmmer en Nodeel dovun hunn.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
Barbara Agostino | © Jo Diseviscourt
Barbara Agostino (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Barbara Agostino ass DP-Deputéiert a Geschäftsfra. Et ginn awer Leit an hirer Partei, déi mengen, datt een dat trenne misst. No engem Interview am Tageblatt, deen d’Barbara Agostino ginn huet, ass et partei-intern Kritik ginn.

Si fënnt, datt d'Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier näischt ënnerhëlt, a sech d'Situatioun a punkto Commercen an Droge verschlechtert. Doropshin ass et Kritik aus den eegene Reie ginn, well si natierlech indirekt d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer domat mengt.

Kritiséieren dierft een, awer just, wann een de Background kennt, seet déi Stater Geschäftsfra am 100,7-Interview.

Éischt Acquisitiounen am Joer 2017

De Background ass follgenden: 2017 huet d’Barbara Agostino e Gebai op der Hollerecher Strooss kaf. Deemools war si nach net an der Chamber. Et war den éischte Stack iwwer dem deemolege Marx Café.

Op där Etage huet si administrativ Raimlechkeeten an e Formatiounszenter fir hire Crèche-Reseau installéiert. D’Lag vun der Plaz wier ideal gewiescht, seet si.

2020 dunn huet si och de Rez-de-chaussée kaf.

D'Pandemie an e verfälscht Bild vum Quartier

Kuerz drop huet d’Corona-Pandemie ugefaangen. Gläichzäiteg si Leit an nei Residenzen op der Stroossbuerger, respektiv Hollerecher Strooss geplënnert. Wärend der Pandemie war dat och eng roueg Géigend, mee nodeems d’Pandemie riwwer war, ass nees Liewen an de Quartier zeréckkomm.

“D’Hollerecher Strooss ass vill Liewen, eng flott Plaz. Och eng Concertsplaz mam Atelier. (...) Do gëtt gedanzt, gedronk a gefeiert.”

Awunner:inne mat Kanner, déi vill Sue fir hir Wunneng bezuelt hunn, hunn dat natierlech net gutt fonnt. Domat war kloer, datt Konfliktpotential do wier.

Aus Caféë gi Büroen

2022 huet d’Barbara Agostino awer nach zwee weider Gebaier kaf. De Bronx an d’Light Bar. Aus béide si Büroe gemaach ginn déi aktuell verlount ginn.

“De Problem vum Marx ass d’Lag. Do war bis Oktober eng Brauerei dran. (...) Och do muss ech kucken, wéi ech mech diversifizéieren. Mat deene Residenzen, Dir kënnt jo net ëmmer am Sträit si mat den Noperen.”

Cellullen, déi eidel stinn, bereeden awer e Problem: Déi zéien d’Drogenzeen un. Esou wier de Quartier eng Plaz, op där “Toxikomane sech a Rou sprëtze” kéinten, seet d’DP-Deputéiert.

“Dat ass net just mäi Problem, mee och dee vun den aneren 9 Co-Proprietären.”

Si nennt d’Beispill vun der Crèche: Et wier ze verstoen, datt ee schlecht Kanner aschreiwe wëllt goen, wa virum respektive Gebai Leit sech sprëtzen. “Do muss een d’Eltere verstoen”, betount d’Barbara Agostino.

Si ass onzefridden, well d’Gemeng näischt dogéint mécht.

Ni den direkte Kanal zum Minister Meisch genotzt

D’DP-Deputéiert seet am 100,7-Interview, datt si et verstoe kéint, wa Leit hir en Interessenskonflikt virgeheien.

“Ech si mir och bewosst, datt ech net eng éischt Säit am Tageblatt kréie wann ech net géing Politik maachen. Mee ech hunn och net gefrot fir déi éischt Säit ze kréien.”

Si wier à la base eng Geschäftsfra a géing dofir och ëmmer nach hir an de Co-Proprietären hir Intresse vertrieden.

D’Barbara Agostino betount awer, datt si ni vun hirer Positioun als Politikerin profitéiert hätt. An der Zäit, an där si nach de Reseau vu Crèchen hat, hätt si ni den direkte Kanal zum Educatiounsminister Claude Meisch genotzt.

Barbara Agostino gesäit d'Gemeng an der Verantwortung

D’selwecht elo mat der Situatioun an der Hollerecher Strooss.

“Hei hunn ech zwee Joer laang d’Servicer kontaktéiert a keng Äntwert kritt. Ech hätt och kéinten direkt an oder no der Fraktiounssëtzung d’Madame Polfer kontaktéieren, hunn ech awer net gemaach. Ech hunn um normale Wee d’Buergermeeschtesch ugeschriwwen.”

D’DP-Politikerin fuerdert ausserdeem méi Educateure sur place, déi an der Hollerecher Strooss mat den Toxikomane kéinten zesummeschaffen an hinnen hëllefen. Op kee Fall wéilt si méi Police. Fir Educateuren dohin ze schécke gesäit si och d’Gemeng an der Verantwortung.

"Esou een Interview ni méi"

Hiren Interview am Tageblatt, an deem si sech iwwer d’Situatioun opgereegt huet, ass an der Partei net gutt ukomm. “Esou een Interview ni méi” hätt ee Partei-“Kolleeg” gesot. Wien, dat wëllt d’Barbara Agostino net verroden.

Leit, déi hire Background net kenne géingen, kéint si à la limite nach verstoen, seet si. Mee heiansdo misst een de Background liesen a verstoen, firwat et esouwäit komm ass.

D’Barbara Agostino wéilt och net all perséinlech Interêten opginn, just well si elo Volleksvertriederin ass.

“Op kee Fall soll een e Virdeel dovun hunn, mee och keen Nodeel. Politik ass e CDD.”

Energie kënnt nees zeréck

Aus der Stater DP-Fraktioun hätt hir iwwerdeems keen ugeruff, esou nach d’Barbara Agostino. Mee si wier et och gewinnt, mol hei an do unzeecken.

“Ech sinn atypesch a mengem ganze Wiesen. Mee ech muss mech kënnen all Dag an de Spigel kucken. Ech maache Politik fir Biergertheemen. Dat hei ass e Problem, deen existent ass.”

Iwwerdeems wier si no hirer 4 Woche laanger therapie an Däitschland nees um Wee vun der Besserung, seet d’Barbara Agostino. “D’Energie ass nees um kommen, an d’Iddie fir Hollerech och”, esou d'DP-Deputéiert.

play_arrow Lauschteren