De Joreswiessel, wann de Budget fir dat nächst Joer soll gestëmmt ginn, ass an der Gemengepolitik ëmmer e besonnesch spannende Moment. Et ass nämlech deen Zäitpunkt, wou d'Koalitioune falen, wa se sech net méi eens sinn. An dat ass am Moment net just zu Conter de Fall, mee och zu Wolz.
An der Nordgemeng deit alles op e politesche Wiessel hin. Mat der Carole Weigel steet am Moment zwar nach eng Buergermeeschtesch vun der CSV un der Spëtzt vun der Gemeng, mee hire Koalitiounspartner DP huet an Tëschenzäit schonn ëffentlech ugekënnegt, datt een eng d'Koalitioun mat der LSAP wëllt forméieren.
Diskussioune ronderëm de Budget just d'Spëtzt vum Äisbierg
Mee eent nom aneren: 2023 hat d’CSV déi meeschte Lëschtestëmme kritt. D’DP hat ee Sëtz gewonnen, d’LSAP mam deemolege Buergermeeschter Fränk Arndt ee verluer. D’Carole Weigel betount am 100,7-Interview, datt een als CSV deemools d’Verantwortung iwwerholl hätt, a sech mat der DP zesummegedoen huet.
Elo, zwee Joer duerno, souz d’Carole Weigel gëschter um Méindeg mam Rescht vun der CSV-Sektioun zu Wolz zesummen, fir iwwert déi aktuell Situatioun ze beroden. Et ass nämlech zum Borch komm mat der DP, an dat net just wéinst dem Budget.
Als CSV géing een et bedaueren, wéi sech d’Situatioun entwéckelt hätt. Bis zum Schluss hätt een am Gemenge-, wéi och am Schäfferot gutt zesummegeschafft. Mee et wier ëmmer méi schwéier ginn.
"Dat heescht, an deene leschte Méint, do sinn - an dat huet d'DP och bestätegt - et waren immens intern Spannungen an der DP. Dat ass souwäit gaangen, datt duerno souguer déi zwee DP-Conseilleren, déi sinn duerno mat enger Oppositioun ofstëmme gaang. Dat heescht, si sinn domadder dem Schäffen an de Réck gefall. Dat ass dunn do souwäit kommen, datt duerno keng Majoritéit méi garantéiert war."
Mat der DP hätt een och just Mailkontakt gehat, bedauert d’Carole Weigel. Si erkläert och, datt den Amel Cosic (DP) wéinst perséinleche Grënn, mee och wéint den interne Spannungen an der DP seng Demissioun als Schäffe geholl hätt.
Entrevue mat Ministeren an der Stad huet näischt gehollef
Doropshin hätt ee weider mat der DP de Kontakt gesicht, fir gewuer ze ginn, wéi et bei hinne géing viru goen, erkläert d’Nach-Buergermeeschtesch.
"Doropshin ass och just eng Mail kommen, wat eis Iddien da wieren. Dat heescht, eng konkreet Äntwert hu mir bis haut nach net kritt. All déi Infoen, déi elo an der Press sinn, dat si mir och iwwert d'Press gewuer ginn."
Der Carole Weigel hire Verdacht ass, datt een an der DP net zefridde mat der Zesummenaarbecht mat der CSV war, mee awer och Problemer an der Kommunikatioun gesinn huet. Den Ursprong vun allem wieren hirer Meenung no awer intern Problemer an der DP-Sektioun vu Wolz. Dat hätten DP-Ministeren hir och confirméiert.
"Dat ass esou wäit gaang, datt mir eis zesumme gesinn hunn, déi zwou Parteien, an der Stad, mat de Ministeren, si missten do eng Léisung fannen."
Zweifel un enger LSAP-DP Koalitioun
Datt eng DP sech lo mat der LSAP zesummendoe wéilt, dat fënnt d’Carole Weigel nawell bedenklech, schliisslech hätt de Maurice Muller vun der DP vun Ufank un eng LSAP ugegraff.
Als CSV hätt een och d’Gepsréich mat der LSAP gesicht, do awer keng konstruktiv Léisunge fonnt, déi der LSAP gerecht wat, seet d’CSV-Buergermeeschtesch, esou datt et wuel zu enger LSAP-DP Koalitioun wäert kommen.
Mee och an der Oppositioun wéilte si an hir Partei Verantwortung iwwerhuelen. Si hätt sech och selwer näischt virzewäerfen, betount d’Carole Weigel. Dat géing d’Situatioun vu Woltz och mat där vu Conter ënnerscheeden.