arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch-Sauerer Buergermeeschter Laurent Hilger leet Posten néier

Lokalpolitik

|
headphones

2 min

Esch-Sauerer Buergermeeschter Laurent Hilger leet Posten néier

De Laurent Hilger demissionéiert vu sengem Posten als Buergermeeschter vun Esch-Sauer. Aus gesondheetleche Grënn géif hie säi Mandat néierleeën a sech och aus dem Gemengerot zeréckzéien. Dat deelt de Laurent Hilger haut iwwer de Site vun der Gemeng mat.

headphones

2 min

© Gemeng Esch-Sauer
(Foto: Gemeng Esch-Sauer)

Wien Nofollger gëtt ass nach net gewosst. Bis dohi géif hie seng Funktiounen als Buergermeeschter esou gutt et geet weider erfëllen, heescht et nach am Schreiwes.

Bei de Gemengewalen 2023 war de Laurent Hilger den Éischtgewielten.

Léif Biergerinnen, léif Bierger,

No villen Iwwerleeungen hunn ech decidéiert, mäi Mandat als Buergermeeschter nidderzeleeën a mech och aus dem Gemengerot zeréckzezéien. D’Verantwortung, déi dës Funktioun mat sech bréngt, ass grouss, a fir s‘am Interêt vun eiser Gemeng mat der néideger Energie an Opmierksamkeet z‘erfëllen, ass et wichteg, datt een zu all Moment bei gudder Gesondheet ass. Dat ass bei mir de Moment leider net méi de Fall.

Ech si ganz dankbar fir d’Vertrauen, dat Dir mir an de leschte Jore geschenkt hutt. Et war mir eng Éier, Iech an eiser schéiner Gemeng ze déngen an zesumme mat mengen engagéierte Schäffen, Conseilleren a Mataarbechter vill wichteg Projeten unzegoen an ze realiséieren.

Am Respekt vum Gesetz a fir de Fonctionnement vun der Gemeng ze garantéieren, wäert ech meng Funktiounen als Buergermeeschter esou gutt ewéi méiglech erfëllen, bis e Nofollger oder eng Nofollgerin vereedegt ass.

Ech soen Iech alleguer e ganz häerzleche Merci fir d’Zesummenaarbecht, d’Ënnerstëtzung an déi vill schéi Momenter.

Mat beschte Gréiss,

Laurent Hilger