arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ierpeldeng kuerz virum Nordstad-Referendum - Wat erwaart sech de Gemengerot?

Lokalpolitik

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Ierpeldeng kuerz virum Nordstad-Referendum - Wat erwaart sech de Gemengerot?

D'Zukunft vum Nordstad-Projet steet nees um Spill. Muer um Sonndeg sollen d'Awunner:inne vun Ierpeldeng nämlech decidéieren, ob hir Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher deelhëlt. Eist Stëmmungsbild weist, datt d'Meenungen an Erwaardungen ausernee ginn.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Gemeng Ierpeldeng-Sauer
(Foto: Gemeng Ierpeldeng-Sauer)

Muer um Sonndeg decidéiert sech, ob d’Gemeng Ierpeldeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwer eng Nordstad-Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren deelhëlt oder net. An engem Referendum sollen d’Awunner:inne vun Ierpeldeng doriwwer ofstëmmen.

Am Abrëll dëst Joer hat d’Gemeng Bettenduerf sech aus de Gespréicher zeréckgezunn. Elo kéint och déi nächst Gemeng sech zeréckzéien.

Informatiounsversammlunge voller eideler Verspriechen?

Als Ganz roueg beschreiwen d’Gemengerotsmemberen d’Situatioun an der Gemeng kuerz virum Referendum. De Gemengerot Laurent Lacour, dee selwer géint eng Fusioun ass, freet sech, wéi vill Awunner:innen iwwerhaapt un de Referendum denken.

"Ech weess et net. D'Leit maachen dat vläicht. Awer et ass net, wéi wann elo eng Wal wier. Ech hunn net d'Impressioun, wéi wa mir elo virun deem grousse Referendum wieren, dass do e bësse gerëmouert am Duerf wier."

Op den Informatiounsversammlungen, déi an de leschte Wochen an den dräi Dierfer vun der Gemeng waren, konnten d’Awunner:inne sech informéieren. Wierklech informativ wieren d’Versammlungen dem Ierpeldenger Gemengerot Carlo Tessaro no awer net gewiescht.

"Et war méi vill Verspriechen an, bon, et kann ee vill soen. Ob dat herno agehal gëtt, dat ass schonn eng aner Saach."

Frank Kuffer: Een "Nee" ass schwéier ze verstoen

Anescht ewéi de Carlo Tessaro ass de Schäffe Frank Kuffer fir eng Fusioun. Hien hofft, datt d’Leit dofir stëmmen, d’Gespréicher mat den aneren Nordgemengen, Schieren, Ettelbréck an Dikrech, weiderzeféieren.

"Well ee muss gesinn, wat herno erauskënnt. An da kënnen d'Leit jo, wa se da gesinn, nee dat passt eis awer guer net, da solle se roueg Nee soen 2027. Mee et ass fir mech schwéier ze verstoen, firwat dass een Nee seet, fir mol einfach ze kucken, wat dobäi erauskënnt. Et soll een dach kucken, wat ee proposéiert kritt. Da kann een nach ëmmer Nee soen."

Am Referendum e Sonndeg geet et em de Fro “Ënnerstëtzt Dir d'Decisioun vum Ierpeldenger Gemengerot, d'Sondéierungsgespréicher weiderzeféieren?”. Réischt 2027 da soll iwwer déi eigentlech Fusioun ofgestëmmt ginn.

Buergermeeschter: "Da musse mir ee Plang B fannen"

Wéi de Referendum muer wäert ausgoen, dorop wollt sech kee vun de Gemengeresponsabele festleeën. De Buergermeeschter Claude Gleis, deen och Koordinator vum Nordstad-Projet ass, sot, et géif een d’Entscheedung vun den Awunner:inne respektéieren, egal wéi se um Enn ausfält.

Wann d’Leit sech géint weider Gespréicher géifen entscheeden, wier dat awer net d’Enn vun der Nordstad, fënnt de Claude Gleis

"Et wäert dann net méi d'Zil sinn, eng fusionéiert Gemeng ze ginn, mee da musse mir ee Plang B fannen. Ee Plang B, wéi mir an Zukunft awer hei an der Regioun zesumme schaffen. An dat wäerte mir dann och dee moment venu och maachen."

D’Resultat vum Referendum gëtt sech fir muer de Mëtteg um 16 Auer erwaart.

 

play_arrow Lauschteren