arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stauséigemeng a Bauschelt setzen op d'Virdeeler vun enger Fusioun

Gemengepolitik

|
headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow

Stauséigemeng a Bauschelt setzen op d'Virdeeler vun enger Fusioun

D'Stauséigemeng mat hiren 8 Uertschaften an d'Gemeng Bauschelt mat 3 Dierfer striewe bis déi nächst Gemengewalen am Joer 2029 eng Fusioun un. Dëst hunn de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune an de Jeff Gangler, Buergermeeschter vu Bauschelt, am 100,7-Interview nach emol ënnerstrach.

headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow
De Marco Koeune (lénks), Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, an de Jeff Gangler (riets), Buergermeeschter vu Bauschelt. | © Jo Diseviscourt
De Marco Koeune (lénks), Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, an de Jeff Gangler (riets), Buergermeeschter vu Bauschelt. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et wéilt een d'Gemenge fit maache fir zukünfteg Generatiounen, esou de Buergermeeschter Jeff Gangler. Fir de Bierger:inne méiglechst vill Service ubidden ze kënnen, misst ee Ressourcë bündelen, an dat géif besser an der Fusioun goen.

Och de Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, gesäit de Virdeel an der gedeelter Aarbecht. Et wier een net grad iwwerbesat, wat d'Personal op der Gemeng ugeet, esou de Marco Koeune. Do, wéi och op finanziellem Niveau, kéint eng Fusioun Entlaaschtung bréngen.

Eng héich Liewensqualitéit ubidden

An de leschte Joren huet d'Gemeng am Norde vum Land relativ vill Zouwuess kritt. Notamment wéinst de méi nidderege Logementspräisser wéi an der Stad, esou de Marco Koeune. Et wéilt een de Bierger:innen awer déi selwecht Liewensqualitéit bidde wat Crèchen a Sportsveräiner ugeet wéi an de Gemenge ronderëm Stad. Zu dësem Schluss kënnt de Buergermeeschter.

Eng Dräier-Fusioun mat der Nopeschgemeng Wanseler wier och am Gespréich, esou nach déi zwee Buergermeeschter. Dëst awer fréistens no den nächste Gemengewalen. 

 

play_arrow Lauschteren