No der leschter Bundestagswal viru véier Joer hat ee gemengt, déi néi däitsch politesch Realitéite wieren - mat e puer Joer Verspéidung - dann awer och a Bayern ukomm. Just 31,7 Prozent vun de Wielerstëmme krut déi konservativ CSU deemools. Een historesch schlecht Resultat. Esouguer Bayern konnt sech also net méi virun enger Parteielandschaft verstoppen, déi méi a méi fragmentéiert sollt ginn.
Den Afloss vun den islamistesch motivéierten Attacken
No der Bundestagswal vun dësem Sonndeg kéint dat nees ganz anescht ausgesinn. Déi aktuell Sondagë fir Bayern gesinn d'CSU nees bei op d'mannst 40 Prozent. Duerno kënnt laang näischt. Den neisten Ëmfroen no läit d'AfD a Bayern mat knapp 19 Prozent op der zweeter Plaz. Datt d'CSU nees esou staark ginn ass, an och d'AfD an de leschte Wochen e grousse Sprong no vir gemaach huet, läit och um 22. Januar: Den Dag vum Attentat zu Aschaffenburg.
D'Messerattack an der Klengstad am Nordweste vu Bayern huet dem bayresche Walkampf, mee wuel och dem ganze Walkampf an Däitschland, säi wichtegst Theema ginn: D'Migratioun.
Kuerz no Aschaffenburg koum et zu Berlin zur gemeinsamer Ofstëmmung vun Unioun an AfD. Datt et lescht Woch, 10 Deeg virun der Wal, dunn nach eng islamistesch motivéiert Attack gouf mat zwee Doudesaffer, dës Kéier direkt an der bayrescher Landeshaaptstad München, huet de Fokus vum Walkampf nach weider an déi Richtung gedréckt.
De "Knallhart-Plan" vun der CSU
Bei all Geleeënheet schwätzt de bayresche Ministerpresident Markus Söder dowéinst och genee doriwwer. Bei enger Walveranstaltung vun zwou Münchener Zeitunge sot hien dës Woch.
“Fakt ist eines: Wir sind in Europa und in Deutschland durch die Migration überfordert. Aus dem Satz “Wir schaffen das” muss man nun einen Satz herausformulieren: 'Wir müssen es ändern'. Es ist uns nicht gelungen, diese Integrationsleistung so perfekt hinzubekommen.”
Als direkt Reaktioun op déi zwee Attentater huet besonnesch d'CSU an der Migratiounspolitik dann och nach méi restriktiv Fuerderunge wéi hir grouss Schwësterpartei CDU. An hirem Walprogramm, der sougenannter Bayern-Agenda, huet d'CSU een "Knallhart-Plan" - deen net just virgesäit Leit un de Grenzen ofzeweisen an d'Sozialleeschtunge fir Refugiéen ze kierzen, mee och souguer d'Grondrecht op Asyl aus der Verfassung ze sträichen.
Datt et bei deem Theema awer och aner Meenunge gëtt, huet de Spëtzekandidat vun de bayresche Gréngen, den Anton Hofreiter, bei der Televisiounschaîne Welt ënnerstrach.
“Neben den Menschen, die massiv Angst haben davor, was in Aschaffenburg passiert ist, gibt es auch Menschen, die massiv Angst haben vor einem Rechtsruck.”
E reforméiert Walrecht
Nieft dem Theema Migratioun beschäftegt d'Bayern dann awer och eng bürokratesch Neierung vun dëser Wal. Well dat däitscht Walrecht reforméiert gouf, gëtt et no der Wal genee 630 Deputéiert, a keng Iwwerhang- oder Ausgläichsmandater méi. Dat betrëfft Bayern méi staark wéi déi aner Bundeslänner, well d'CSU historesch hei bal alleguerten d'Walkreesser gewonnen huet.
Am nächste Bundestag wäerten dowéinst am Endeffekt däitlech manner Deputéiert aus Bayern setze wéi bis elo.
Am Endeffekt wäert Bayern seng besonnesch Roll wuel och no der Wal nees kënnen ausspillen. Momentan huet d'Unioun déi bescht Chancen déi nächst Regierung unzeféieren. D'Fro ass just, mat wiem. De Markus Söder seet zënter Méint ganz däitlech: Mat de Gréngen net. Dat kéint bedeiten, datt just nach eng Koalitiounsoptioun iwwereg bleift, nämlech Unioun an SPD.
D'Bayern kéinten also nees e groussen Impakt dorop hunn, wéi et politesch an Däitschland weidergeet.