Et gëllt als déi gréisste Faillite vun der éisträichescher Wirtschaftsgeschicht: D’Signa Holding, de Mammekonzern vum René Benko sengem Immobilienimperium, hat am November 2023 Insolvenz deklaréiert. De René Benko selwer hat réischt am Mäerz dat Joer drop Privatinsolvenz ugefrot.
D’Firma, zu där och bekannt Nimm wéi den däitsche KaDeWe a Galeria Karstadt Kaufhof gehéieren, war deemools wéinst klammenden Zënsen, Energiepräisser a Baukäschten zesummegebrach.
An e puer Länner gëtt ermëttelt
Um Donneschdegmoie gouf den Immobilieninvestisseur a senger Villa zu Innsbruck festgeholl. Géint de 47-Järegen fréiere Milliardär lafen Enquêtë wéinst Verdacht op Bedruch, Korruptioun a Verschleierung vu Verméigenswäerter. Dem éisträichesche Parquet no gëtt him reprochéiert, aktiv probéiert ze hunn, Deeler vu sengem private Verméige virun de Konsequenze vu senger Faillite ze verstoppen. éischtens soll hie Suen, Immobilien an aner Verméigenswäerter verschleiert hunn, an zweetens soll hien d’Verméigen, wat Deel vun enger Stëftung war, geziilt fir d’Creancieren an Autoritéiten onzougänglech gemaach hunn.
Dobäi kënnt nach, datt de René Benko och Corona-Hëllefsgelder ënnerschloe soll hunn.
De Skandal geet awer wäit iwwer déi éisträichesch Grenzen eraus: Och an Däitschland, Italien a Liechtenstein gëtt géint den Ex-Milliardär enquêtéiert.
De René Benko war ee vun de bekanntsten a mächtegsten Immobilieninvestisseuren an Europa. D’Enquêten dierfte sech e puer Méint laang zéien.