Fir déi Beschäftegt virun de Konsequenze vum Klimawandel ze schützen, wier hei am Land bis elo bal näischt virgesinn, huet den David Wagner bedauert. Als negativ Konsequenzen huet hie méi Hëtzt a méi Dréchente genannt.
Staarke Sozialdialog
De Schutz vun de Beschäftegten hirer Sécherheet an hirer Gesondheet soll no Virstellung vum David Wagner an Zukunft och bei de Verhandlungen iwwer Kollektivverträg garantéiert ginn.
"Dat misst dann esou gereegelt ginn, datt och d’Klimakonsequenzen obligatoresch an de Kollektivvertragsverhandlunge verhandelt musse ginn, an dat och mat enger Obligation de résultats."
Och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet ee staarke Sozialdialog gefuerdert, bei dëser wichteger Fro fir d’Nohaltegkeet vun der Wirtschaft a fir de Schutz vun de Beschäftegten.
Net just d'Landwirtschaft ass betraff
Virun enger “enormer Belaaschtung fir d’Gesondheets- a Sozialsystemer” duerch de Klimawandel huet den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel gewarnt, an hien huet méi generell Upassunge gefuerdert.
"Wa mir dësen Challenge proaktiv an engagéiert uginn, dann ass en ze léisen. Allerdéngs dierfen d’Transitiounen net eleng de Betriber iwwerlooss ginn. Mee et mussen all relevant Acteure mat an d’Boot geholl ginn, an dozou gehéiere sécher och d’Salariéen an d’Gewerkschaften."
De Klimawiessel géif een ëmmer méi grousse Risiko duerstellen, virun allem fir déi Beschäftegt an der Landwirtschaft, am Bau an an der Industrie, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo.
"Den Impakt vum Klimawiessel op d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht ass eng vun de gréissten Erausfuerderungen, déi et ze léise gëllt."
Fir de Schutz vun deene Beschäftegte wëllt d’DP-Fraktioun op reegelméisseg Sensibiliséierung setzen, op Preventioun, grad wéi op punktuell Formatiounen, huet den Deputéierten André Bauler an der Chamber erkläert. Dat géif och dem effiziente Schaffen an de Betriber zu gutt kommen.