Radioen

On air

Notturno  |  Pva - Bunker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun den Dréckereien

Gesellschaft

D'Zukunft vun den Dréckereien

D'AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert, sech ëmzebenennen. Aus der AMIL gëtt elo d'FLAG, d'Fédération Luxembourgeoise des Arts Graphiques.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Den neien Numm koum mat der Ännerung vun de Statutten. D'FLAG wëll de Verband méi opmaachen, erkläert hire Vizepresident Roland Dernoeden. Och zum Beispill fir d'Graphiksagencen, déi den Dréckereien nei Méiglechkeete brénge kéinten.

"Well déi ons Commande bréngen, déi kreéieren eppes Flottes an dat gëtt dann normalerweis an den Dréckereien dann ofgeliwwert an dofir wëlle mir déi och erakréien."

Dofir bräicht een déi onbedéngt, seet de Roland Dernoeden.

"Dréckereien, déi stierwen net aus"

Hie selwer ass Drécker a gleeft fest drun, datt de Beruff och an Zäite vun Digitaliséierung eng Zukunft huet. Och wann d'Zuel un Opträg erofgeet.

Wann d'Lëtzebuerger Dréckereien iwwerliewe wëllen, ass et dem Roland Dernoeden no virun allem wichteg, lokal mat den Entreprisen an dem Mëttelstand zesummenzeschaffen. Iwwerdeems wier een Zukunftsberäich, op deen d'Dréckereie setze kéinten, de Packaging, esou nach de Vizepresident vun der FLAG.

Lauschterenplay_arrow