De Roberto Mendolia seet, et wier eng traureg politesch Decisioun vun der Bank.
"Quand on ne fait pas assez de bénéfices dans un service, alors qu 'on est bénéficiaire, eh bien, voilà, si on se fixe un objectif de, je sais pas, 20 pourcent de bénéfice et qu 'on est à 18, eh bien, on ferme. Voilà, c 'est une règle qu 'applique certains grands groupes."
Aarbechtsplazen, déi a Gefor sinn, reduzéieren
124 Aarbechtsplaze kéinten also betraff sinn. Virun den eigentleche Verhandlungen iwwert de Sozialplang probéieren d'Gewerkschaften awer ëmmer d'Zuel vun den Aarbechtsplazen, déi a Gefor sinn, nach a Gespréicher mat der Direktioun reduzéiert ze kréien. A meeschtens geléngt dat och, sou de Roberto Mendolia.
An et ginn och nach aner Erausfuerderunge wéi den ALEBA-President erkläert.
“Lorsque des services ferme et qu 'il faut continuer le service en attendant entre temps, évidemment l 'entreprise ne peut pas mettre des amateurs à la place de ceux qui sont impactés.”
D’Entreprise muss also sou vill Mataarbechter:inne wéi méiglech behalen, éier de Service agestallt gëtt. Fir d’Gewerkschaftler:innen heescht dat op d’Rechter vun deene Leit opzepassen.
ALEBA zouversiichtlech, datt ee fairen Deal ausgehandelt gëtt
Et geet also drëm, derfir ze suergen, datt d'Leit, déi hir Plaz verléieren, dat egal wéi, kompenséiert kréien, och wa se e puer Wochen oder Méint éier de Sozialplang ausleeft, schonn eng aner Plaz fannen.
De Roberto Mendolia ass awer zouversiichtlech, datt et an de Verhandlungen iwwert e Sozialplang e fairen Deal mat der Bank ka ginn.