arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Mischo: Sozialpartner wäerte lo eenzel verhandelen

Gewerschaften net méi am CPTE

|
headphones

1 min

headphones

9 min

play_arrow

Georges Mischo: Sozialpartner wäerte lo eenzel verhandelen

De Georges Mischo bedauert d‘Decisioun vun de Gewerkschaften, fir net méi an den CPTE ze kommen an net zu dräi a Sozialronnen ze verhandelen. Dat sot den Aarbechtsminister am 100,7-Interview.

headphones

1 min

headphones

9 min

play_arrow
Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV)
Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV)

D‘Regierung géif nach ëmmer zu de Sozialronne stoen. Fir hie wier de Sozialdialog och net gestuerwen, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV). Hie wéilt dann elo d‘Sozialpartner eenzel invitéieren, fir iwwer d‘Aarbechtszäitorganisatioun ze diskutéieren.

Wéi eng Proposen d‘Regierung dobäi géif maachen, wollt den Aarbechtsminister net verroden. 

"Et ass elo onglécklech virun deenen Diskussiounen elo scho Proposen ze maachen an eventuell elo déi 52 Stonnen do mat an d'Spill ze bréngen. Ech mengen et ass elo mol wichteg, datt mer net iwwerenee schwätzen, mee datt mer matenee schwätzen."

Ännerunge musse kommen

D'Zil sollt et sinn, d‘Aarbechtszäitorganisatioun esou ze gestalten, datt jiddereen zefridde wier, esou de Georges Mischo. Et sollt kee Verhandlungspartner d'Gefill hunn, datt schonn Decisioune virun der Verhandlunge gefall wieren.

Et wier awer evident, datt Ännerungen an der Aarbechtszäitorganisatioun misste kommen, dees wiere sech och d‘Gewerkschafte bewosst, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo.

Den CSV-Politiker hofft, datt wann d‘Diskussiounen dozou eriwwer sinn, d‘Gewerkschaften erëm zeréck an de Comité permanent du travail et de l‘emploi (CPTE) kommen. 

play_arrow Lauschteren