arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerbeinspektioun wëllt Betriber méi begleeden

Joresbilan vun der ITM

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Gewerbeinspektioun wëllt Betriber méi begleeden

Méi Preventioun a manner Sanktiounen. No där Devise wëllt d’Gewerbeinspektioun, d’ITM, elo schaffen. Dat hunn den ITM-Direkter Marco Boly an den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo um Méindegmëtteg virun der Press bei der Presentatioun vum Joresbilan ervir gehuewen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo an ITM-Direkter Marco Boly | © Pebia Urban
CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo an ITM-Direkter Marco Boly (Foto: Pebia Urban)

Schonn am Februar hat de Marco Boly am 100,7-Interview erkläert, datt um Niveau vun der Assistance net genuch gemaach gi wier. Dat soll sech awer zukünfteg änneren. Éier d'ITM sanktionéiert, wéilt een deemno "alles Méigleches" maachen, fir engem Betrib ze hëllefen, sech ze regulariséieren. 

"Dat heescht eventuell méi laang Delaie, méi intensive Coaching an hie se och elo ënnerstëtzen, wann d'Formulairen néideg sinn, fir hinnen déi Formulairen ze ginn, déi se méi séier un d'Zil bréngen."

Deemno sollt och den administrativen Opwand reduzéiert ginn, erkläert den ITM-Direkter Marco Boly.

play_arrow Lauschteren