arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 157 Derogatiounen accordéiert

Congé Collectif

|
headphones

1 min

157 Derogatiounen accordéiert

De Freideg fänkt de Congé Collectiv un. Bis den Dënschdeg goufen 195 Demandë fir Ausnamereegelunge bei der ITM agereecht. Dovu goufen 157 accordéiert an 12 refuséiert.

headphones

1 min

© Kristina Kutleša / Unsplash
(Foto: Kristina Kutleša / Unsplash)

De Gros vun den Demande goufe vun Entreprisen am Bâtiment an am génie civil gemaach. Déi meescht Demande betreffen urgent Aarbechten a Schoulen, Fabricken an op kommunalem Niveau. Eng 1.050 Salariée wieren betraff vun dësen Ausnamen.