D'Personal wieren net nëmmen um Enn mat den Nerven. Mee och finanziell, well si méintelaang scho keng Paie méi kritt hunn. Déi gesetzlech Hëllefen am Fall vun enger Faillite wieren zwar séier ausbezuelt ginn, mee dat wier bei Wäitem net genuch, fir déi finanziell a mënschlech Verloschter opzefänken, sou d‘Gewerkschaft.
D’Situatioun bei Liberty Steel zu Diddeleng bleift deemno blockéiert, trotz der Bereetschaft vun engem potenzielle Repreneur, deen dat ganzt Personal iwwerhuele wëllt.