An der Hallschent vu Krankheetsfäll géifen d’Salariée ganz schaffe goen, ouni sech krank ze mellen, schreift d’CSL. Dobäi géif de Presentéissem och zolidd Käschten no sech zéien. Virun allem a Krisenzäite kéim et zu méi Presentéissem, aus Angscht virun ënner anerem Verloscht vun der Aarbechtsplaz.
Fir hire "Quality of work"-Index vun zejoert hat d’CSL eng Fro zum Presentéissem gestallt. Dozou sote Salariéen, datt si an der Moyenne 12 Deeg d’Joer schaffe goungen, andeems si sech krank gefillt hunn, géintiwwer 5,3 Deeg Absentéissem wéinst Krankheet. Woubäi sech Hëllefen am Stot oder Leit, déi mat hiren Hänn schaffen, op 12 Méint gekuckt souguer 34 Deeg krank gefillt hunn.
D'Leit weien of tëscht Gesondheet a Karriär
Eraus koum donieft, datt d’Kombinatioun Absence/Présence heefeg ass. Zum Beispill wiere 85 Prozent vun de Salariéen, déi op d’mannst eemol d’Joer krank doheem bloufen, och op d’mannst eemol d’Joer krank schaffe gaangen. D’Leit géifen ofweien tëscht de Risike fir hir zukünfteg Gesondheet, wa se sech fir de Presentéissem decidéieren, an de Risike fir hir Aarbecht oder Karriär, wa se sech fir den Absentéissem decidéieren.
De Pretentiéisem hëlt ënner anerem zou bei Onsécherheet vun der Aarbecht. Fäert een ëm säin Job, wann ee sech krank mellt, da kënnt een éischter krank schaffen. Dogéint géifen Autonomie an Unerkennung op der Aarbechtsplaz do virdru schützen.
D’Konsequenze vum Presentéissem weise sech iwwerdeems, laangfristeg, a méi laangen Absencë souwéi a Käschten, déi déi vum Absentéissem iwwerschreide kéinten, heescht et an der Etüd vun der Chambre des Salariés.