Radioen

On air

Notturno  |  Duffy & Uhlmann - Braid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzagence vun de Vereenten Natiounen: Lëtzebuerger Pensiounssystem "ze generéis"

Vertrieder vum IMF zu Lëtzebuerg

Finanzagence vun de Vereenten Natiounen: Lëtzebuerger Pensiounssystem "ze generéis"

De Lëtzebuerger Pensiounssystem wier ze generéis, esou den IMF gëschter um Freidegmëtteg virun der Press. D’Vertrieder vun der Finanzagence vun de Vereenten Natiounen hunn zu Lëtzebuerg hir Recommandatioune fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft presentéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© MFIN play_arrow
(Foto: MFIN)

D’Vertrieder vum internationale Wärungsfong, dem IMF, hunn d’Recommandatioun vun enger Pensiounsreform widderholl.

Eropsetze vum legale Pensiounsalter

Schonn zejoert hate si sech dofir ausgeschwat, datt déi deemools nei CSV-DP Regierung duerch eng Reform Gerechtegkeet tëschent de Generatiounen assuréiert. D’Anna Shabunina vum IMF begréisst, datt d’Regierung eng Pensiounsreform an Erwägung zitt.

“Mir gesinn och, datt et aktuell eng considerabel Reserv gëtt, mee d’Ausgabe wäerte viraussichtlech héich klammen. Fir de Problem laangfristeg an nohalteg unzegoen, muss d’Regierung eiser Meenung no an alle Beräicher handelen. Dofir recommandéiere mir d’Eropsetze vum legale Pensiounsalter an de Pensiounssystem allgemeng net esou generéis ze halen."

Dobäi géing et och ëm de Fait goen, datt d’Unzuel vun de Joer, an deenen ee cotiséiert, vill méi niddereg wieren, wéi an anere Länner, esou d'Anna Shabunina.

Weider erwaart den IMF sech, datt et zu engem steigenden Defizit wäert komme wat d’Staatsrecetten ugeet. Dëst duerch ënner anerem demografesch Käschten, beispillsweis d’Pensiounen oder d’Gesondheetsversuergung. D’Erhéijung vun de Verteidegungskäschte wier och e Faktor. Et sollt een also d’Steieren deelweis erhéijen. Beispillsweis d’Ëmweltsteier oder Accisen, ergänzt d’Anna Shabunina nach.

Wuesstem erméiglechen, deen och vum Privatsecteur gedroe gëtt

Och um Logementssecteur wier nach ze schaffen. Schonn d’lescht Joer hat den IMF suggeréiert, datt ëffentlech Investitiounen an de soziale Wunnengsbau solle prioritär gemaach ginn. Elo sollt een awer och de private Logementsmarché fërderen.

“Mir gleewen, datt et ee Gläichgewiicht tëschent der wirtschaftlecher Flexibilitéit an dem sozialen Zesummenhalt muss ginn. Et ass wichteg, e Wuesstem ze erméiglechen, deen och vum Privatsecteur gedroe gëtt. Dëst kéint een duerch e méi flexibelen Aarbechtsmaart oder Mesurë bei der Logementsoffer erreechen.”


Den Aarbechtsmaart kéint een dem IMF no beispillsweis méi flexibel maachen andeems een den Zougang zu bestëmmten Aarbechtsberäicher vereinfacht.

 

Lauschterenplay_arrow