Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Wake Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Do war näischt mat Schoul (…) du gëss jo souwisou bestuet"

Fraen an Deelzäitaarbecht

"Do war näischt mat Schoul (…) du gëss jo souwisou bestuet"

Muer ass den 8. Mäerz, den internationalen Dag vun de Fraerechter. A wann et ëm Fraerechter geet, da bleift een Thema ganz uewen op der Lëscht vun de Revendicatioun: Gläich Konditioune wann et ëm d’Aarbecht geet. Virun allem beim Thema Deelzäit-Aarbecht gëtt et nach ëmmer vill Ongläichheeten. Mir hu mat pensionéierte Frae geschwat, wéi eng Konsequenzen si haut spieren. 

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

"Mir waren zu sechs doheem, gell? Ech war dat Eelst, donc, schaffe goen. Do war näischt mat Schoul, well dat huet déi Zäit geheescht, da gëss de jo souwisou bestuet."

D’Danielle huet 69 Joer. Zanter 5 Joer ass si an der Pensioun. Mat 16 Joer huet si, ouni Schoulofschloss, misse schaffe goen. Dunn huet si sech bestuet, e Kand ass op d’Welt komm. 

"Ech hu misse schaffe goen. An ech hunn awer och misse kucken, datt ech deen ënnerkrut. Dat war net einfach. An déi Zäit has de net hei op all Eck e Support, esou ze soen, ne?"

Si huet op ville verschiddene Plaze geschafft – als Botzkraaft oder als Aide-Socio-Educative a Maison-relaisen. Eng Karriär mat villen Ënnerbriechungen a prekäre Bedingungen. Mol krut si e Vollzäitkontrakt, gouf awer vum Patron net ugemellt, mol krut se just en Deelzäitkontrakt. 

"D'Konsequenz dervun ass einfach, dass ech eleng als Fra net eleng kéint hei liewen, weeder en Appartement bezuelen, nach soss iergendeppes. Also wann s de kee Partner hues an du hues nëmmen drësseg Stonne geschafft, has de Pech.”

Aneren Diplom – selwecht Erfarung 

Déi Erfarung huet och déi 60 Joer al Marie-Therese gemaach. Si ass zanter knapp 2 Méint an der Pensioun. 

Si huet een Unisdiplom gemaach. Mam éischte Kand war d’Entscheedung séier getraff, just Deelzäit schaffen ze goen.

"An dat huet och nëmmen doduerch funktionéiert, well ech jo deemools och schonn zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn. Also mir hätten dat anescht guer net realiséiere kënnen, net finanziell."

Betreiungsstrukture fir hirt Kand huet si deemools ouni Succès gesicht. Hiren deemolege Mann konnt et sech duerch hir Pai och erlaben, deelweis doheem ze bleiwen a sech ëm d’Kanner ze këmmeren. D’Marie-Therese war zwar just Deelzäit, mee an engem gesécherten Aarbechtsverhältnes als Proff an engem Lycée. Agestallt fir 20 Stonnen, huet si duerchaus méi wéi dat geschafft.

"Dat wat dann an Iwwerstonnen eeben nach finanziell praktesch derzou komm ass, dat hat jo iwwerhaapt keng Relevanz herno fir d‘Pensioun."

Mat 56 decidéiert d’Marie-Therese Vollzäit schaffen ze goen. Eng Chance wéi si seet. Ëmmerhi géife vill Fraen an deem Alter sech zwar net méi ëm d’Kanner, ma dofir ëm déi eegen Elteren oder d’Enkelkanner këmmeren. Wa si haut de Choix hätt, da géif si wesentlech méi fréi 40 Stonne schaffe gaangen, betount d’Marie-Therese. 

Aner Zäit – selwecht Schwieregkeeten 

Hunn d’Fraen dann hautdesdaags méi Choix? Jo, mengt d’Milena Steinmetzer vum OGBL equality, dem Fraen-Departement vun der Gewerkschaft. Fraen hätten haut zum Beispill manner familiären Drock fir ee bestëmmte beruffleche Wee anzeschloen. Trotzdeem géif beispillsweis d’Doheem bleiwe fir no de Kanner ze kucken, weiderhin dacks un der Fra hänke bleiwen.

"Vu, datt de Mann da vläicht an der Koppel éischter deen ass, dee méi verdéngt, geet dee weider Vollzäit schaffen an d'Fra dann éischter hir Stonnen erofschrauft."

Dobäi kéim, datt d’Secteuren, an deene majoritär Frae schaffen, dacks just Deelzäitkontrakter ubidden, erkläert d’Gewerkschaftlerin weider. Dat dann och dacks an de prekäerste Beruffer, wéi zum Beispill dem Nettoyage. Do wier et mëttlerweil quasi onméiglech, ee Vollzäitkontrakt ze kréien.

"Wou souguer esou wäit geet, datt et och schwiereg ass, souguer Kontrakter mat siechzéng Stonnen oder méi ze kréien, wat natierlech een och nach méi an d'Prekaritéit dréckt, well een da keen Urecht op Chômage huet, wann ee keng siechzéng Stonnen huet."

"Hal deng Plaz"

D’Altersaarmut duerch d’Deelzäitaarbechte beschäftegt déi dräi Fraen. D’OGBL equality Zentralsekretärin Milena Steinmetzer betount, datt an all den Diskussiounen, déi grad lafen, sief et ëm d’Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäiten oder eng Reform vum Pensiounssystem, genee déi dote Punkte misste berécksiichtegt ginn.

Fir d’Marie-Therese misst onbedéngt dofir gesuergt ginn, méi staatlech Institutiounen ze schafen, déi bei der Betreiung vu Kanner hëllefen. An d’Danielle huet iwwerdeems e Rot, dee si mat all de Fraen deele wéilt:

“Hal nëmmen ni deng Plaz op. Well du weess net, wat geschitt, och wann se glécklech sinn an hei an do, du weess ni, wat kënnt. Hal deng Plaz.”

  Lauschterenplay_arrow