Dës Produktivitéit entsprécht dem PIB a Volume vu Stonnen déi geschafft goufen oder pro Aarbecht.
Wann een dann déi nominal Produktivitéit, also wéi vill Euro eng Aarbechtskraaft erschafft huet, géif kucken, kéim een zu enger ganzer anerer Conclusioun. Nämlech, datt 2023 eng Aarbechtskraaft zu Lëtzebuerg ee Volume erschafft huet, dee bal duebel esou héich ass wéi den Duerchschnëtt an der Eurozon.
Iwwert déi lescht 30 Jore gekuckt wier déi nominal Produktivitéit pro Joer zu Lëtzebuerg souguer méi séier gewuess wéi an eisen Nopeschlänner, esou nach d‘CSL.