Radioen

On air

9 bis 1  |  Jamila Woods - Tiny Garden Feat. Duendita

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Regierung huet Zesummeschloss vu Gewerkschafte selwer ze veräntwerten

OGBL Kongress

Marc Spautz: Regierung huet Zesummeschloss vu Gewerkschafte selwer ze veräntwerten

Um éischten Dag vum OGBL-Kongress huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz de Freideg de Moie kritiséiert, datt d’CSV-DP-Regierung verschidde Gesetzer reforméiere wollt, ouni mat de Gewerkschaften ze schwätzen. Domat hätt d’Regierung den Zesummeschloss vun OGBL an LCGB selwer ze veräntwerten, esou de Fraktiounspresident vun der Regierungspartei CSV. Regierungsvertrieder sinn um OGBL-Kongress keng invitéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Sté Bisenius play_arrow
(Foto: Sté Bisenius)

Datt d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding um OGBL-Kongress geschwat huet, ass manner erstaunlech. Mee datt den CSV-Fraktiounschef eng Ried hält, an do och Kritik un der Regierung formuléiert, ass méi aussergewéinlech. De fréiere LCGB-Gewerkschaftler Marc Spautz sot, fir hie géifen den Ament d’Diskussiounen iwwer zwee Gesetzesprojeten am Mëttelpunkt stoen. D’Kollektivvertragsgesetz an d’Delegatiounsgesetz.

"A wann een un déi zwee Gesetzer geet, ouni mat de Gewerkschaften doriwwer ze schwätzen, dann ass et normal, dass esou en Zesummeschloss kënnt (…) well do geet et ëm d'Iwwerliewen."

Et géif ëm d‘Iwwerliewe vun de Gewerkschafte goen, mee och ëm d‘Iwwerliewe vum Sozialmodell, sou de Marc Spautz.

Den historeschen Zesummeschloss mam LCGB wier richteg a wichteg fir net ënnerzegoen, sou d’OGBL-Presidentin Nora Back. D‘Regierung géif probéieren d‘Gewerkschaften ze equartéiere fir d'Errungenschafte vun de schaffende Leit an de Pensionéierten ze attackéieren a fir "d'Lëtzebuerger Success Story, de Sozialmodell futti ze schloen, d'gewerkschaftlech Fräiheeten ze ënnerwanderen, eis fundamental Rechter vun eis alleguer a Fro ze stellen, dat ass dee Wand, dee momentan hei bléist vun eiser Regierung."

Marc Spautz: Virbereedunge fir "Sozial Ronn" lafen aktuell

A Punkto Sozialdialog weist de Marc Spautz sech trotzdeem optimistesch. Säi Parteikolleeg, de Premier Luc Frieden, hätt an Aussicht gestallt sech mat de verschiddene Vertrieder un een Dësch setzen ze wëllen. D‘Virbereedunge fir dës "Sozial Ronn" géife momentan och scho lafen.

Dëst wier am Interêt vun de Beschäftegten, mee och vun der Wirtschaft. De wirtschaftlechen Erfolleg vu Lëtzebuerg wier schlussendlech och op e gutt funktionéierenden Sozialmodell zréckzeféieren.

Taina Bofferding: "Chaos stëften ass eng Strategie"

D'LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet drop verwisen, datt an den leschte 15 Méint villes futti gemaach gi wier, wat iwwer laang Joer opgebaut gi wier. Mam soziale Fridde spillt een net an et wier deemno net egal, wien an der Regierung ass a wie Minister ass, seet d'Taina Bofferding.

"Chaos stëften, also d'Leit duerchernee bréngen, dat ass eng Taktik, dat ass Strategie. Kuddelmuddel ass net esou innocent."

Taina Bofferding bezitt sech dobäi ënnert anerem op de Sträit ëm dat exklusiivt Recht vun den Kollektivverträg tëscht der Regierung an de Gewerkschaften.

Lauschterenplay_arrow