Radioen

On air

Concert  |  Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marlène Negrini: Net esou weiderfueren, wéi déi lescht Méint

Policegewerkschaft

Marlène Negrini: Net esou weiderfueren, wéi déi lescht Méint

Bei der Policegewerkschaft SNPGL gouf de Méindegowend op der Generalversammlung e Renouveau an Aussiicht gestallt. No internen Ausernanersetzungen, an der rezenter Decisioun vum fréiere President Pascal Ricquier sech ganz aus dem Comité zeréckzezéien, kéint elo nees Rou an den SNPGL kommen, huet et op der Generalversammlung geheescht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Carole Schimmer play_arrow
(Foto: Carole Schimmer)

D'Marlène Negrini gëtt nees Presidentin vum Comité, nodeems si rezent vun hirem Posten ofgesat gouf. No de Wale vum Comité wéilt si deenen nei gewielte Membere vum Comité d'Zäit loosse sech an déi sëlleg Dossieren anzeschaffen. Duerno wéilt si als Presidentin zerécktrieden an engem aneren déi Charge iwwerloossen.

"Net no eisen eegenen Interête kucken"

A Rou d'Problemer vun de Policebeamten ze léisen, dat ass de Wonsch, deen op der Generalversammlung geäussert gouf, seet d'Marlène Negrini, Presidentin vum SNPGL. Et wéilt een net esou weiderfuere wéi déi lescht Méint, ënnersträicht si.

"Datt mir d'Dossiere sollen opschaffen, déi mir erakréien an net no eisen eegen Interête kucken an eis ze zerstreiden, wéinst Dommheeten."

Vill Dossieren, déi zesummenhänken

Wéinst deenen internen Tensioune koum et zu Retarde bei der Statutenännerung, déi néideg wier, fir konform ze si mam neien ASBL-Gesetz. Et gouf en Text ausgeschafft, an dee wäert deemnächst de Memberen op enger ausseruerdentlecher Assemblée générale kënnen ënnerbreet ginn. 

Dee gréisste Chantier am SNPGL betrëfft d'Aarbechtskonditiounen an do ginn et eng ganz Rei u Fuerderungen, ënnersträicht d'Presidentin Marlène Negrini. Virop wat de Gefaangenentransport, d'Sécherheet an d'Formatiounen ugeet. Dat géif och zesummenhänken, seet d'Marlène Negrini. 

"Et gëtt eng Rei Dossieren, wou dann och mat eisem, mat eiser Generaldirektioun ugeschwat ginn. An do leeft awer alles méi transparent, wéi et soss ëmmer awer war."

Erweiderung vu Kompetenzen dierf net zu méi Belaaschtung féieren

De Generalsekretär vun der Policegewerkschaft Giuseppe Passaro, weist op de Manktem u Personal hin. Wuel géif een op déi lokal Kommissariater pochen, wichteg wier, datt een erfuerene Polizist och déi néideg Aarbechtskonditiounen huet.

Den SNPGL fuerdert iwwerdeems eng Valorisatioun vun der Carrière judiciaire, mat Perspektiven, déi motivéiere missten. "Manner administrativ Iwwerlaaschtung, méi Zäit fir Recherchen", ënnersträicht hien. 

Weider betount den Giuseppe Passaro, datt eng Erweiderung vun de Kompetenze vu Gemengebeamten net zu méi Belaaschtung vun de Poliziste soll féieren.

Lauschterenplay_arrow