Radioen

On air

Tockcity  |  Bibiza - Tanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aggressioune géint d'Spidolspersonal huelen zou

Santé

D'Aggressioune géint d'Spidolspersonal huelen zou

Datt d'Personal an de Klinicken a virun allem an den Urgencen ëmmer ëfters vu Patienten aggresséiert gëtt, ass der Infirmièresassociatioun ANIL no op verschidde Faktoren zeréckzeféieren. D’Presidentin Anne-Marie Haff gesäit als Grond engersäits d’Nowierkunge vun der Coronapandemie, awer och déi allgemeng ugespaante Situatioun an de Kliniken.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Genee Zuele kann d'Infirmièresassociatioun net nennen. An der Äntwert vun der Santésministesch Martine Deprez war vun enger Verdueblung vun den Zuele vun Aggressioune vis à vis vum Personal an de leschte 5 Joer rieds.

Ze laang Waardezäiten an de Spideeler

D’Presidentin vun der ANIL Anne Marie Hanff féiert dat ënnert anerem dorop zeréck, datt d'Personal, wéi och d’Patienten zënter der Pandemie méi dënnhaiteg gi wieren. Och wann d’Pandemie mëttlerweil scho länger hier wier, géifen d’Erënnerungen dorun nach déif sëtzen. Dat souwuel bei de Patienten déi, déi drastesch Mesuren an de Spideeler wärend der Pandemie nach am Hannerkapp hätten, wéi och beim Personal, dat ëmmer nach staark iwwerlaascht ass, sou d’Presidentin vun der ANIL Anne-Marie Hanff am 100,7-Interview.

"Vum Personal wat de Burn-out ugeet, oder déi dann net wierklech recuperéiere konnten an déi awer ugespaant sinn. A wann een natierlech selwer ugespaant ass, da kann een och Aggressioune vun aneren och manner gutt domadder ëmgoen."

Dobäi kéimen dacks laang Waardezäite fir d’Patienten an hir Famillen, déi déi schonn ugespaante Situatioun net besser maache géifen.

"Do kënne mir natierlech och verstoen, datt d'Leit do rose ginn, oder datt da kee Bett fräi ass, fir dann d'Bomi direkt weider op de Stack ze huelen."

Mesurë vum Ministère ginn net wäit genuch

Als Mesurë fir d’Personal an de Klinicken a virun allem an den Urgencen ze schütze verweist d’Santésministesch Martine Deprez ënner anerem op Affichen an de Spideeler, déi Patienten an hir Famillen zum Theema aggressiivt Verhale sensibiliséiere sollen an op spezifesch Formatioune fir d’Klinikepersonal.

D‘Anne Marie Hanff gesäit déi Virschléi kritesch. Dës Léisungsvirschléi géifen d’Situatioun um Terrain net onbedéngt entschäerfen.

"Wat elo eiser Meenung no de Problem net un der Wuerzel péckt, well dat mécht jo net, datt d'Waardezäit manner laang ass, oder datt ee méi Zäit huet, fir mat de Leit, mat der Famill ze kommunizéieren."

Et hätt een ëmmer séier d'Tendenz mam Fanger openeen ze weisen. Dobäi misst een aus dëser Debatten zesumme kucken, fir aus de Feeler ze léieren an d'Thema ze enttabuiséieren, sou d‘Presidentin.

Lauschterenplay_arrow

De ganzen Interview mat der Anne Marie Hanff:

Interview Lauschterenplay_arrow