arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zuel vu Covid- a Gripp-Infektioune geet erof

Santé

|
headphones

1 min

D'Zuel vu Covid- a Gripp-Infektioune geet erof

D‘lescht Woch ass d‘Zuel vun de Leit, déi positiv op Covid getest ginn, erëm erofgaangen. Dat vun 293 op 242 Fäll. Dat ass eng Baisse vu 17 Prozent am Verglach mat der Woch virdrun.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Déi Zuele ginn aus dem Wochebilan vun der Santé iwwer d’Infektiounszuele beim den Erkrankunge vun den Otemweeër ervir.

Och bei der Gripp sinn d’Fäll liicht réckleefeg: D’Laboratoiren hunn d’lescht Woch 17 Fäll deklaréiert, géintiwwer 22 déi Woch virdrun.