arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Konventioun tëschent der AMMD an der CNS huet aktuell nach Bestand

Martine Deprez preziséiert

|
headphones

1 min

D'Konventioun tëschent der AMMD an der CNS huet aktuell nach Bestand

Dem aktuelle Stand no besteet d’Konventioun vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD mat der Gesondheetskeess CNS nach. Dat sot d’CSV-Gesondheets- a Sécurité sociale-Ministesch Martine Deprez um Mëttwochmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun zur Quadripartite vum 13. Oktober.

headphones

1 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

D'Martine Deprez huet do och festgehal, datt d'Quatripartite u sech gutt verlaf wier.

"D’AMMD huet nach eng Kéier Rapport gemaach iwwer hir ausseruerdentlech Generalversammlung, déi den 8. Oktober war. Do krute si dann e Mandat, fir d’Konventioun ze kënnegen. Bis dato hu si se nach net gekënnegt. Hire Wording an der Sëtzung war: 'Mir wäerten an deenen nächsten Deeg a Wochen eis mat eise juristesche Beroder zesummesetzen, fir d’Konventioun ze kënnegen'."

Doriwwer eraus hätt ee keng weider Kommunikatioun kritt, esou d'Ministesch. D’Diere vum Ministère stéingen awer weider op, huet d’Martine Deprez betount.

Dem DP-Deputéierte Gérard Schockmel no géif d’AMMD sech iwwregens Zäit loossen, well si mat Léisunge fir eng nei Konventioun wéilt kommen.