arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schülerkonferenz CNEL warnt viru Snus an hofft op d'Antitubaksgesetz

Tubakkonsum bei Jonker

|
headphones

3 min

D'Schülerkonferenz CNEL warnt viru Snus an hofft op d'Antitubaksgesetz

Et gëtt een dréngenden Handlungsbedarf beim Konsum vum sougenannte Snus, also Nikotin-Säckelcher, bei Jonker. Dat seet d’CNEL, déi national Schülerkonferenz, a fuerdert dofir e séiert Virgoe beim Antitubaksgesetz.

headphones

3 min

21 Prozent vun de Schüler iwwer 12 Joer ware schonn a Kontakt mat deenen Nikotin-Pouches, zwee Drëttel vun deene Jonke géife souguer reegelméisseg consomméieren. Dat geet aus engem Sondage ervir, dee vun der CNEL an alle Lëtzebuerger Lycéeë realiséiert gouf.

Iwwer 1.000 Schüler:innen tëschent 12 an 18+ Joer hunn un där Ëmfro deelgeholl.

Nëmmen d’Hallschent vun deene Schüler, déi Snus consomméieren, wéisste Bescheed, wéi eng Gefore fir d’Gesondheet déi nikotinhalteg Substanz huet. Jee no Säckelche kann de Contenu un Nikotin 10 Mol méi héich sinn ewéi dat fir eng Zigarett de Fall ass.

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Präventiv Aarbecht ass vernoléissegt ginn

Aus deem Grond fuerdert d’CNEL, datt d’Antitubaksgesetz séier gestëmmt gëtt, betount de Semir Honsic, Vizepresident vun der nationaler Schülerkonferenz.

"De wichtegste Punkt ass als éischt emol, dass de Projet de loi 8333 gestëmmt gëtt. Dat ass d'Antitubaksgesetz, wou eeben och Amendementer dra si fir Snus, fir d'Nikotin-Pouches, wou zum Beispill dee Produit wierklech ënner d'Tubaksgesetz fält an eeben och den Nikotin staark reglementéiert gëtt. Dee fält da wierklech op 0,049 Milligramm. Wierklech, dass do scho bal keen Nikotin méi dran ass, an dann hoffe mir wierklech, dass mir doduerch dann d'Konsumenten ewech kréien."

Dat wier eng Pist, déi ee legislativ onbedéngt "pushe" misst, esou de Semir Honsic. Dobäi kéim awer nach déi präventiv Aarbecht. 

"Mir mussen de Leit wierklech eng Opklärung bidden iwwer dee Produit, zumools déi jonke Leit opklären iwwer dee Produit."

play_arrow Lauschteren

 Dës präventiv Aarbecht wier an de leschte Jore vernoléissegt ginn, esou nach de Vizepresident vun der CNEL.