Zënter iwwer 35 Joer ass de SAMU (Service d'Aide Médicale Urgente) zu Lëtzebuerg mat zwee Spezialisten an der Anästhesie besat: Engem Dokter, dem Anesthésiste-réanimateur, an engem Infirmier en anesthésie et réanimation. Gereegelt ass dat iwwer en internt Reglement.
Debatt gëtt et scho méi laang
Mee zwee Urgentisten hunn, méi Sourcen no, eng méiglech Ännerung ugestouss: Si hu virun zwee Joer gefrot fir och kënne SAMU ze fueren.
D’Anästhesiste wiere sech géint esou eng Ännerung. Si argumentéiere mat de Kompetenze vun engem Dokter, deen an der Urgence am Spidol schafft, an net dobaussen um Terrain.
Et géif dobäi net ëm d’Ausbildung vun den Urgentistë goen, mee éischter ëm d’Routine, esou den Dr. Philippe Welter, President vum Cercle des medécins anesthésistes.
D'Sécherheet vum Patient als iewescht Prioritéit
Als Beispill nennt hien d'Sécherung vun den Otemweeër, also d'Intubatioun. Dat ass ëmmer nach de Goldstandard fir e Patient ze beootmen, deen net méi selwer ootme kann. Do wier d'Routine immens wichteg, seet de Philippe Welter.
“Schonn am Spidol kann ee mol Schwieregkeeten hunn, eng schwéier Intubatioun, da muss een e bësse wëssen, wat ee vu Méiglechkeeten huet. Wann een dat dobaussen um Terrain mécht, ass déi allgemeng Situatioun schonn eng schwéier. A wann een dat net routinéiert ka maachen a mécht, da kann ee mol Schwieregkeeten hunn, bei deem Patient d’Otemweeër ze sécheren. A wann een dat net hi kritt, da stierft de Patient.”
Et géif awer net nëmmen ëm d’Intubatioun goen, mee generell ëm déi kritesch Krankheetsbiller am Rettungsdéngscht, esou nach de Philippe Welter.
“Ob dat elo e Kand, een Accouchement, e Polytraumatiséierten oder e cardiogene Schock ass, Vitalfunktiounen ze erhalen ass eisen daily Business an net dem Urgentist säin.”
De President vum Cercle des urgentistes, den Emile Bock, selwer Urgentiste an den Hôpitaux Robert Schuman, seet zwar, datt de Cercle d'Ännerung vum SAMUs-Reglement net gefrot huet, e géif se awer ënnerstëtzen. An hie seet, hie wier net mat der Argumentatioun vun den Anästhesisten averstanen: Urgentistë wiere genee esou kompetent an der Noutfallversuergung wéi en Anästhesist.
“Natierlech musst Dir déi richteg Formatioune maachen, déi richteg Formatioun-continuen. Dir musst dat an ärem Alldag maachen, mee dat maache mir op enger grousser Partie souwisou schonn an den Urgencen, well do komme ganz vill Leit un, déi an engem kriteschen Zoustand sinn, a wou d'Urgentisten déi en charge huelen.”
"Qualifikatioune solle gekuckt ginn"
Et géif net drëm goe fir elo Urgentisten op de SAMU ze setzen, déi zënter Joerzéngten aus dem Rettungsdéngscht eraus sinn. Et sollt een awer deene Jonken d’Méiglechkeet ginn, déi Kompetenzen, déi si am Ausland geléiert hunn, bäizebehalen, esou nach den Emile Bock.
“Et ass ganz kloer, datt forméiert Urgentistë vun där jonker Generatioun - besonnesch déi fënnef Joer Studie gemaach hunn, dat doten alles am Ausland souwisou en routine, an ech schwätzen, en routine maachen - datt déi kompetent sinn, fir op engem SAMU matzemaachen.”
Infirmiers-anesthésistes melle sech zu Wuert
Dem Emile Bock säi Fazit: Urgentistë wieren eng Plus-value fir d'SAMUs-Ekipp.
De Philippe Welter gesäit dat anescht: Et wier e Luxus, een Anästhesist an een Infirmier-anesthésiste um SAMU ze hunn. Dat wier e Binom mat den héchste Qualifikatiounen. Domat géif sech de Rettungsdéngscht zu Lëtzebuerg vis-à-vis vum Ausland ervirhiewen. An dat gesinn och d'Infirmier-anesthésisten esou.
Wa si mat engem Dokter SAMU fuere missten, deen net Anesthésiste-réanimateur ass, géif bei hinnen en Onsécherheetsgefill ausléisen, seet de Jeff Scheer, President vun der Association Luxembourgeoise des Infirmier(e)s en Anesthésie et Réanimation (ALIAR).
“Dat heescht, Dir sëtzt dann do, Dir verléiert onméiglech Zäit um Asaz, well vill Diskussioune ronderëm lafen, wou viäicht den Dokter oder den Infirmier-anesthésiste net d'accord ass, verléieren immens vill Zäit. Also de Binom Anästhesist-Infirmier-Anäthesist ass, soen ech ëmmer, wéi eng gutt bestuete Koppel: Déi versti sech an do brauch nëmmen een e kuerz ee Gest ze maachen oder ee Wuert, da versteet deen aneren direkt, ëm wat et geet.”
Och dës Argumentatioun kann den Urgentiste Emile Bock net deelen.
“Préhospitalier Asätz ze fueren, sief dat am Kader vum SAMU oder souguer vun enger Katastroph. Ech mengen dat si Guidelines, dat si Prise-en-chargen, déi standardiséiert sinn, an déi kennen d'Urgentisten och.”
De SAMU ass d'Kiischt um Kuch
An där proposéierter Versioun vum Reglement intern vum CGDIS, déi dem 100,7 virläit, soll iwwerdeems och geännert ginn, datt Infirmieren ouni Spezialisatioun an der Anästhesie an der Reanimatioun um SAMU kënne fueren, virausgesat si hunn op d'mannst 5 Joer Erfarung am Rettungsdéngscht. Een No-Go fir de Jeff Scheer.
Et wier méiglech, datt manner Leit sech fir d'Spezialisatioun Infirmier-anesthésiste géifen entscheeden, wann een déi net méi bräicht fir SAMU kënnen ze fueren. Dat ass a bléift nämlech d'Kiischt um Kuch, soen esouwuel de Philippe Welter wéi och de Jeff Scheer. Den Emile Bock argumentéiert dogéint, wann och Urgentisten dierfte SAMU fueren, géif dat de Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv maache fir géint eng Penurie vun Urgentistë virzegoen.
D’Luxembourg Air Rescue kann déi "passionéiert Polemik" net verstoen. Si géife schonn ëmmer esouwuel mat Anästhesiste wéi mat Urgentistë schaffen, an dat géif gutt funktionéieren. D'Air Rescue seet all Verännerung géif am Ufank Angscht maachen, mee et misst een awer mat der Zäit goen. Dës Ännerung wier keng Menace, mee eng Opportunitéit fir de Grand-Duché, esou den Didier Dandrifosse vum Departement médicale vun der LAR.
De Vott ass verréckelt
Mee d'Säit vun der Anästhesie gesäit eegenen Aussoen no keng Méiglechkeet fir e Kompromëss ze fannen. De Verwaltungsrot vum CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) huet e geplangte Vott iwwer eng Ännerung reportéiert an huet elo mol decidéiert Avise vun de verschiddene Bedeelegten unzefroen. Wéini et zu engem Vott kënnt ass domat nach net gewosst.
Weder de Santésministère nach den Inneministère ware bis ewell bereet, sech zu där Debatt ze äusseren.