Radioen

On air

9 bis 1  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biogasanlag zu Biekerech steet virum Aus

National

Biogasanlag zu Biekerech steet virum Aus

Ufank der Woch huet d‘Gemeng Biekerech hir Awunner doriwwer informéiert, datt d‘Biogasanlag zu Huewel am Juni zoumaache wäert. Biekerech ass virun allem op d‘Biogasanlag ugewisen, fir sech mat Hëtzt ze versuergen.

auto_stories

1 min

Biogasanlag | © Police Grand-Ducale
Foto: Police Grand-Ducale

Fernwärme ass déi primär Form vun Heizung an der Gemeng. De Buergermeeschter vu Biekerech Thierry Lagoda geet dovun aus, datt d‘Biogasanlag finanziell Probleemer huet, ënner anerem duerch déi streng Oploen. De Buergermeeschter preziséiert awer, datt d‘Awunner vu Biekerech trotzdeem weiderhi wäerte mat Fernwärme versuergt ginn.

“Den Impakt vir eis Clienten, déi jo um Fernwärmenetz hänken, deen ass u sech net direkt ginn, well mir als Gemeng sécherstellen, datt all eis Clientë weiderhi mat Hëtzes versuergt ginn. Wat u sech och kee Problem duerstellt, vun eiser Säit aus, well mir eng Holzhack-Schnitzelanlag hu mat 2 Iewe vu jeeweils 2 Megawatt."

Dat géing vun der Leeschtung duergoe all hir Cliente mat Wäermt ze versuergen, esou nach de Buergermeeschter.