arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat vereenter Kraaft géint Cattenom

Gemenge géint Atomenergie

|
headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Mat vereenter Kraaft géint Cattenom

Den LSAP-Buergermeeschter Tom Jungen vu Réiser ass déi dreiwend Kraaft hanner der Initiativ fir d'Plattform vu Gemenge géint Atomenergie nei ze beliewen. Hiert Zil: Eng méiglech Lafzäitverlängerung vu Cattenom ze verhënneren. Mee ass dat realistesch?

headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Rezent huet de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden am 100,7-Interview annoncéiert, datt och seng Gemeng sech der Beweegung uschléisse géing. Domadder ass een elo op insgesamt 32 Gemengen, esou den Tom Jungen am 100,7-Interview.

Viru Kuerzem huet hien d'Plattform vun de Gemenge géint Atomenergie relancéiert. Nom initialen Opruff hätte sech 27 Gemengen där ugeschloss. Elo ass ee - wéi schonn ernimmt - bei 32. Déifferdeng, Mamer, Waldbëlleg a Sandweiler sinn nieft Schengen rezent bäigetrueden.

Wichteg ass dem Tom Jungen och ze betounen, datt Parteipolitik an deem Bündnis keng Roll spillt.

D'Gefill vun engem "Revival" vun der Atomkraaft

Et ass och keen Zoufall, datt dës Plattform grad elo nees relancéiert gouf. Viru ronn zwee Méint huet déi franséisch Atomopsiicht ASNR gréng Luucht gi fir d'Lafzäit vun de franséischen Atomzentralen ëm weider zéng Joer ze verlängeren. Betraff sinn 20 Reakteren, déi eelsten dovun hu 40 Joer. Och Cattenom ass dorënner. Den eelste vun de véier Reaktere vu Cattenom ass 38 Joer al.

Elo gi quasi d'Conditiounen opgestallt, déi erfëllt musse ginn, fir datt et zu enger Lafzäitverlängerung komme kann.

"Do wäert eng Enquête publique musse lafen, wou déi ganz Moossnamen, déi geholl solle ginn, déi eng Lafzäitverlängerung erméigleche sollen, mussen opgelëscht ginn. An do kënnen d'Gemengen, d'Organisatiounen, awer och eenzel Bierger an där Enquête eeben awierken, fir ze kucken: gëtt et op all Froen, déi am Raum stinn, Äntwerten: Geet et duer oder muss méi gemaach ginn? Oder muss och einfach festgestallt ginn, datt d'Sécherheet net méi assuréiert ass a Cattenom misst ofgeschalten."

Dobäi kënnt, datt den Tom Jungen den Androck huet, datt et zënter dem Ukrainkrich zu enger Zort "Revival" vun der Atomkraaft komm wier.

Méi wéi just Symbolpolitik

Wichteg ass och, betount de Réiser Buergermeeschter, datt eeben och auslännesch Gemengen oder Organisatiounen intervenéiere kënnen. Hien erënnert drun, datt seng Gemeng vun Ufank u viru Geriicht gezunn ass, fir deemools de Bau an d'Ouverture vun der Atomzentral ze verhënneren.

Dofir war et dem Tom Jungen och wichteg, datt grad seng Gemeng d'Initiativ elo nees relancéiert. Et wier awer net just Symbolpolitik, ënnersträicht den Tom Jungen.

D'Plattform ass och net just fir Gemenge geduecht, déi no u Cattenom leien. Wolz ass beispillsweis och Member. D'Ardennegemeng ass och e Beispill fir eng Zesummenaarbecht, déi bis an d'Groussregioun erageet: Zesumme mat Oochen wollt d'Gemeng Wolz an der Vergaangenheet och scho géint déi belsch Atomzentral vun Tihange virgoen.

Mat Juristen an aneren Organisatiounen zesummeschaffen

Ursprünglech ass d'Initiativ vum Henri Kox ausgaangen. Deemools waren initial 38 Gemengen dobäi. Déi Zuel ass souguer bis op 60 geklommen. De Kontext deemools: Fukushima. D'Welt ass sech de Risiken an der Vulnerabilitéit vun Atomzentralen nees bewosst ginn. Ënner anerem Däitschland huet kuerz drop den Ausstig aus der Atomenergie decidéiert.

Fir de Moment wier ee frou iwwer all Gemeng, déi der Plattform bäitrëtt, esou den Tom Jungen. Déi eng oder aner Gemeng géing och nach nokommen. A fir déi kuerz Zäit, an där d'Plattform relancéiert ginn ass, wier ee ganz zefridde mam Resultat.

Fir awer och e konkreet Resultat ze erreeche gräift d'Plattform op Experten a Form vu Juristen zeréck. Dobäi komme Partnerschafte mat Organisatiounen, wéi zum Beispill Greenpeace Lëtzebuerg.

"Atomenergie ass ni sécher an nohalteg"

Ënner dem Stréch wëllt een och wichteg Messagë vu sech ginn: Datt Atomenergie ni sécher an nohalteg ass an datt kee Wee laanscht eng Energietransitioun féiert. Als Buergermeeschter wéisst den Tom Jungen och, datt een Äntwerte liwwere muss. Esouwuel d'Gemenge wéi och d'Bierger:inne sollte méi op erneierbar Energië setzen a beispillsweis méi Photovoltaikanlagen opriichten.

Eng aner Optioun si Wandrieder, déi awer dacks op lokale Widderstand geroden. Den Tom Jungen betount, datt ëmmer just déi negativ Beispiller an der Press behandelt ginn, net awer déi, bei deenen d'Populatioun näischt dogéint huet. E Beispill wier do seng eege Gemeng.

Lëtzebuerg importéiert aktuell 75 Prozent vu sengem Stroum, wouvunner e klengen Deel och Atomstroum ass.

play_arrow Lauschteren