Text vum Jimmy Bruch
Zënterhier gouf d’Wierk nach net gefléckt. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro Ufank dës Joers, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles, datt ee wuel dru schaffe géif fir d’Wierk nees a Betrib ze huelen. Ëmweltfaktoren an d’Topographie zu Lëtzebuerg géifen awer maachen, datt d’Potential fir aus Waasser Stroum ze maache limitéiert ass.
Zu Gréiwemaacher gëtt et net just eng Schleis. Zwar ass dat eigentlech alles wat ee vun der Strooss gesäit, mee vill vun deem wat hei geschitt ass ënnert dem Waasser verstoppt.
"Zur Staustufe in Grewenmacher gehört zur einen Seite die Schleuse mit der Wehranlage. Zur zweiten auf der andern Seite steht dann das Kraftwerk."
D'Kraaftwierk gëtt vun der SEO bedriwwen a produzéiert Stroum, deen dann an d‘Netz vun der Creos agespeist gëtt.
Energie fir 10.000 Stéit
Mir stinn am Keller ënnert den 3 Turbinne mat deenen zu Gréiwemaacher Stroum produzéiert gëtt. Iwwert eis lafen bis zu 150 Metercube Waasser an der Sekonn duerch. Dat sinn ongeféier 6.000 Buedbidden an der Minutt. Dat sinn ongeféiert 38 Gigawattstonnen Energie, wat fir ronn 10.000 Stéit duergeet, erkläert den Uwe Wagner.
Zu Rouspert ass en änlecht Wierk wéi dat zu Gréiwemaacher. Mee dat ass zënter et 2021 iwwerschwemmt gouf ausser Betrib. D’Regierung huet zwar wuel Etuden an Optrag ginn, fir d’Wierk nees a Betrib ze huelen. Datt et trotzdeem sou laang Dauert, läit virun allem un Naturschutzfaktoren. De Georges Reding, Direkter vum Wirtschaftsministère, erënnert, datt een d’Ëmwelt net dierf verschlechteren. An dësem Fall heescht dat konkret, datt d‘Waasserqualitéit dierf net verschlechtert ginn an d‘Fëschduerchlässegkeet muss garantéiert sinn.
Wéinst komplizéierten Oplage setzt d'Regierung op aner erneierbar Energien
Esou wéi een d’Waasserkraaft zu Lëtzebuerg momentan notzt, géif ee schonn de Maximum vun deem maache wat am Aklang mat der Ëmwelt méiglech wier, sou nach den Georges Reding. Stroum aus Waasserkraaft mëscht ronn 10 Prozent vun der nationaler Stroumproduktioun aus. Iwwerdeems Waasserkraaft de grousse Virdeel huet, datt ee konstant Stroum produzéiere kann, féieren déi komplizéiert Oplage ronderëm de Schutz vun de Gewässer dozou, datt d’Politik sech op aner erneierbar Energië konzentréiert, erkläert den Direkter vum Wirtschaftsministère.
"Dat sinn alles immens opwenneg Prozeduren, well een ebe souvill Punkte muss kucken. An bei aneren Technologië kënnt een do wesentlech méi séier weider."
Wärend d’Waasserkraaftwierk zu Gréiwemaacher och an Zukunft weider säin Deel zur nationaler Stroumproduktioun bäidréit an och d’Wierk vu Rouspert nees un d’Netz goe wäert, gesäit et deemno net aus wéi wann des Ressource zu Lëtzebuerg nach wäert kënnen ausgebaut ginn. Dem Georges Reding no wäert déi Lëtzebuerger Energielandschaft sech weider a Richtung Fotovoltaik an Wandenergie entwéckelen.