Et sollen néi Quartiere ronderëm Esch ausgebaut ginn, wéi zum Beispill de Quartier Rout Lëns, an deem spéiderhin 3.000 Leit solle wunnen. Déi éischt Awuner:innen sollen schonn 2027 dohi plënneren.
Dat géif natierlech vill Chantiere mat sech bréngen, awer dat virun allem ronderëm Esch an net am Zentrum.
Chancen an Erausfuerderungen
De Buergermeeschter Christian Weis gesäit an der Vergréisserung virun allem néi Chancë fir Esch. Awer dat géif och Erausfuerderunge mat sech bréngen, erkläert de Christrian Weis. Déi gréissten Erausfuerderung, déi een net direkt géif gesinn, wier zum Beispill de Wuesstem vun der gemengen Administratioun.
"Mir sinn haut scho bei 1.500 Mataarbechter, déi probéieren an deene verschiddene Servicer eigentlech d'Liewensqualitéit an Esch ze garantéieren an och ze verbesseren, egal ob dat elo vum technesche Service ass, deen am Wanter bei ee streeë kënnt, bis bei Servicer, wou et ëm d'Zesummeliewe geet. An natierlech wa méi Awunner bäi kommen, da wiisst d'Gemeng an deem Sënn do och mat."
D’Erausfuerderung géif hei dobäi leie genuch qualifizéiert Leit ze fannen.
Logement an Aktivitéit
D’Stad Esch wëllt iwwerdeems d’Sozialwunnengen ausbauen. Den Ament ginn et der 360 an et wéilt een der namol 340 bäibauen, seet de Christian Weis.
Am Norde vun Esch gëtt d’Südspidol gebaut an de Quartier tëschent dem Belval an der Rouder Lëns, de Crassier, soll un der franséischer Grenz ausgebaut ginn. Do sollt e Franséisch-Lëtzebuerger Quartier entstoen an dat wier eppes ganz Neies, seet de Christian Weis.
Nieft dem Logement misst een och Plaz hu fir Aktivitéiten a Societéiten. An dësem Quartier wéilt ee béides kombinéieren: Et soll eng Zort Zone industrielle entstoen, an där d’Leit déi do schaffen och wunne kënnen, esou nach de Christian Weis am 100,7-Interview.