D'Motioun fir ee Mësstrauensvott gëtt vu Vertrieder:inne vu rietsen a rietsextreeme Parteien ënnerstëtzt. Lancéiert gouf se vum Rumän Ghoerghe Piperea, deen der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer ugehéiert.
Der Kommissiounscheffin geheit hien ënner anerem Intransparenz a falsche Management an der Corona-Pandemie vir.
Kritik vu Koalitiounspartner
D'Kontrakter mat den Impfstoff-Hiersteller wiere weder geheim gewiescht, nach wieren d'Länner gezwonge ginn, se ze ënnerschreiwen, sot dozou d'Ursula von der Leyen.
"Et handelt sech ëm ee weidere primitive Versuch, ee Keil tëschent d’Institutiounen an déi prodemokratesch Forcen am Parlament ze dreiwen. Dat dierft een ni zouloossen."
Déi ugeschwate pro-europäesch Fraktiounen hunn an der Plenière zwar verséchert, datt si net fir déi Motioun stëmme wäerten.
Et gouf awer vun hinnen och Kritik un d'Adress vun der Kommissiounscheffin. Ze dacks schonn hätt déi Europäesch Vollekspartei, zu där d'Ursula von der Leyen gehéiert, sech mat rietsen a rietsextreemen zesummegedoen, esou d'Cheffin vun de Sozialisten Iratxe Garcia Perez. Si huet no enger klorer Äntwert gefrot:
"Mat wiem wëllt Dir regéieren? Mat deenen, déi Europa zerstéiere wëllen, oder mat deenen, déi all Dag dofir kämpfen, et opzebauen?"
D'Ursula von der Leyen huet dorop net reagéiert. Si hat virdru verséchert, si géif sech fir Kompromësser asetzen. Mat present an der Plenière waren um Méindeg den Owend bal alleguerten déi 26 aner Membere vun der EU-Kommissioun.
Vott ass en Donneschdeg
77 EU-Deputéiert, dorënner den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser, hunn d'Motion de censure ënnerschriwwen. Déi meescht vun hinne kommen aus rietsen oder rietsextreeme Parteien.
D'Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer ass iwwerdeems gedeelter Meenung. Wärend d'Vertrieder:inne vun der polnescher PiS-Partei d'Kommissioun stierze wëllen, stelle sech déi vun der italieenescher Regierungspartei Fratelli d’Italia hanner d'Ursula von der Leyen.
En Donneschdeg soll iwwer d'Motioun ofgestëmmt ginn. Et gëllt als onwarscheinlech, datt se duerchgeet.