Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virworf wéinst Diffamatioun: ADR beschwéiert sech iwwer Direkter vun der Ackerbauschoul

ADR

Virworf wéinst Diffamatioun: ADR beschwéiert sech iwwer Direkter vun der Ackerbauschoul

An engem oppene Bréif beschwéiere sech d‘ADR-Députéiert iwwert den Direkter vun der Ackerbauschoul Tom Delles.

auto_stories

1 min

De Jeff Engelen aus der ADR. (Foto: Chambre des députés)

Bei der Aweiung vum neie Monument fir zwangsrekrutéiert Jongen a Meedercher hätt den Tom Delles den ADR-Députéierten Jeff Engelen ëffentlech diffaméiert an him gesot, hie sollt sech schummen un där Feier deelzehuelen.

E Virworf, deen den Direkter vun der Ackerbauschoul och an de soziale Medie schrëftlech widderholl huet. De Jeff Engelen wier virun deenen anere Leit humiliéiert ginn. D'ADR-Deputéiert froen elo op et legitim wier, datt eng Persoun vun der Fonction publique e gewielte Volleksvertrieder ëffentlech humiliéiere kann a wat fir Konsequenzen dat hätt.