Radioen

On air

Notturno  |  Julien Gasc, Forever Pavot, Chassol - Léger Léger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalen Nitrat-Rapport gouf presentéiert a weist keng Verbesserungen op

Chamber

Nationalen Nitrat-Rapport gouf presentéiert a weist keng Verbesserungen op

Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring weist sech erstaunt, datt d’Qualitéit vum Waasser sech - trotz ville Mesuren - zënter ville Joren net verbessert huet. Dat huet déi fréier Ëmweltministerin um Donneschdegmoien an der Sitzung vun de Chamberkommissioune fir Ëmwelt a fir Landwirtschaft däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

An de Chamberkommissioune fir Ëmwelt a fir Landwirtschaft gouf um Donneschdegmoie gouf den nationalen Nitrat-Rapport fir d’Period 2020 bis 2023 presentéiert.

An deem Rapport steet, datt vun de Lëtzebuerger Uewerflächegewässer keent an engem ganz gudden oder gudden Zoustand ass. D’Hallschent vum Grondwaasser ass wéinst der Belaaschtung an engem schlechten Zoustand.

Och där neier Regierung wier doru geleeën, datt all Acteuren zesummen d’Zil vun enger Verbesserung vun der Waasserqualitéit sollen erreechen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

D’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen huet ugekënnegt, datt d’Vertrieder vun der Landwirtschaft den Nitrat-Rapport d’nächst Woch solle virgestallt kréien, an duerno soll doriwwer diskutéiert ginn.

"Déi Contrainten, well et sinn awer Oplagen, déi mussen d’Bauere verstoen. Dat heescht si mussen och esou sinn, datt et definitiv eppes bréngt. Zum Beispill verschidde starr Datumer, déi bréngen net ëmmer eppes, déi sinn heiansdo kontraproduktiv, wann no deem starren Datum op eemol alles ausbruecht gëtt, well ech virdrun net konnt."

Martine Hansenplay_arrow

D’Regierung hat den neien Nitrat-Rapport am August op Bréissel geschéckt. Dëse Rapport koum zur Conclusioun, datt den Asaz vun Dünger a Piff duerch d’Landwirtschaft misst reduzéiert ginn, fir eng Verbesserung vun der Waasserqualitéit ze erreechen.

Aktualitéit
National
Ëmwelt