Si huet dëst Joer net emol 1 Prozent erreecht, mee soll d’nächst Joer op 2,1 Prozent unzéien, well den Energiepräisdeckel da jo zum Deel fält. Dozou sot de Gabriel Gomes, Chef vun der Unitéit "Modélisation et Prévisions".
Wat och Auswierkungen op den Index hätt, sou de Gabriel Gomes. Déi nächst Indextranche gëtt fir dat zwee Trimester 2025 erwaart an ee Joer méi spéit soll dann déi nächst Indextranche erfalen.
Inflatiounszil vun 2 Prozent soll d'nächst Joer erëm erreescht ginn
2026 géif d’Inflatioun dann nees ënner 2 Prozent falen, sot de Chef vun der Unitéit "Modélisation et Prévisions".
De STATEC-Direkter Tom Haas sträicht ervir, datt dëst Joer de Wuesstem méi niddreg ausgefall ass wéi erwaart an d’Inflatioun ebe staark zeréckgoung. Hien huet eng virsiichteg Hoffnung op Verbesserung vun der Konjunktur mat engem PIB deen 2,5 Prozent géif wuessen, enger Inflatioun déi beim Zil vun 2 Prozent géif leien a bei engem Chômagetaux deen net iwwer 6 Prozent géif erausgoen.
Stroumpräisser kéinten nach méi däitlech klamme wéi bis elo gewosst
Zur Situatioun um Bau war et d’Ausso, datt een do nach ëmmer am roude Beräich wier. Et wier zwar eng relativ Verbesserung ze notéieren, ouni datt awer eng Opklärung ze gesi wier. A ganz um Enn gouf et nach Erkenntnisser zu den zukünftege Stroumpräisser, déi jo vum 1. Januar un ëm ronn 30 Prozent an d’Luucht dierfte goen, “vläicht e bësse manner”, wéi et beim STATEC geheescht huet. Interessant ass an deem Zesummenhank d’Berechnung vun de Statistiker, datt zum Beispill deene Leit, déi eng Wäermepompel an en Elektroauto hunn, hir Facture ëm 45 Prozent klammen dierft, wann den E-Auto da séier géif geluede ginn.
Beschäftegung historesch déif
Wat d'Beschäftegung ugeet, gesäit de Bastien Larue, Chef vum Departement "Conjoncture, Modélisation et Prévisions", och déi no Zukunft net ganz roseg. Déi wier ëm 1 Prozent geklommen, wat fir Lëtzebuerg historesch schwaach wier. Am leschte Joerzéngt wier een ni wäit ewech vun 3 Prozent gewiescht pro Joer. Och fir 2025 gesäit et net besser aus mat viraussichtlech 1,4 Prozent
De Chômage géif doduerch dat aner Joer nach liicht eropgoen, ouni allerdéngs iwwert d’Barriär vun de 6 Prozent ze sprangen.