Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sofy - Socks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héichspannungsleitung: Déi "ëmweltverdréiglechst" Variant gouf zeréckbehalen

380 KV Héichspannungsleitung

Héichspannungsleitung: Déi "ëmweltverdréiglechst" Variant gouf zeréckbehalen

Den Ëmweltministère huet eng Variant zréck behalen, fir déi ëmstridde geplangten éischt 380-Kilovolt-Héichspannungsleitung hei am Land. Et wier déi “ëmweltverdréiglechst”, awer och ee Kompromëss, huet de Minister Serge Wilmes ënnerstrach. Et wier zum Beispill gekuckt ginn, méiglechst wäit vu Wunngebidder ewech ze bleiwen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Mat engem Retard vu sechs Wochen huet de Ministère elo seng Conclusioun zur neier Stroumleitung presentéiert, nodeem säi Ministère de Projet vu CREOS op seng Ëmweltimpakter hi gepréift huet. Geplangt ass, datt CREOS eng nei Héichspannungsleitung vu 47 Kilometer queesch duerch d’Land baut, vun der däitscher Grenz bis op Bartreng.

Variant déi d‘Gesondheet vum Mënsch schützt

Betraff dovu si 17 Gemengen. Bal 1.000 Bierger:innen an Organisatiounen haten am Summer Stellung dozou geholl. Déi hätt een och schonn an d‘Bild gesat. Déi proposéiert Variante wieren och zeréckbehale ginn. Fir den Ëmweltminister ee gutt Beispill vu Biergerbedeelegung.

Ausso vum Serge Wilmes lauschterenplay_arrow

Bei dëser Variant hätt ee probéiert ee Kompromëss ze fannen, erkläert de Serge Wilmes.

"Mat enger Variant, déi ganz kloer d’Gesondheet vum Mënsch schützt, mat deem Grenzwäert, dee festgeluecht ginn ass, vun der viregter Regierung schonn."

Dee Wäert läit bei 0,4 Mikrotesla elektromagnéitesch Belaaschtung, erkläert de Serge Wilmes.

Aktuell Leitunge solle verschwannen

Mat dëser Variant kéint dëse Wäert iwwerall agehale ginn, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

Et wier gekuckt ginn, méiglechst wäit vu Wunngebidder ewech ze bleiwen, an den Impakt op d’Natur esou kleng wéi méiglech ze halen.

De Conseiller de Gouvernement 1ère Classe, Philippe Peters, erkläert, datt nom Bau vun der neier Héichspannungsleitung, aktuell Leitunge solle verschwannen.

"Datt probéiert gouf mam Projet, Situatiounen, déi haut net gutt sinn, well Leitungen iwwer Haiser verlafen, einfach ewech ze huelen. An natierlech mam neie Projet dann net ze kucken, esou eng Situatioun erëm nei ze kréien."

Ausso vum Philippe Peters lauschterenplay_arrow

Bauhär muss sech net un d‘Variant halen

Theoretesch misst de Bauhär CREOS sech net un d’Variant vum Ëmweltministère fir d’380-kV-Leitung halen, huet de Serge Wilmes erkläert. Allerdéngs hätt den Netzbedreiwer all Interesse dorun, dat ze maachen.

"Si wëlle jo gären och eng Variant herno an d’Autorisatiounsprozedur ginn, déi och ka vum Ëmweltministère autoriséiert ginn."

Iwwerall "op der sécherer Säit" sinn

An der Gemeng Jonglënster soll déi nei Stroumleitung net laanscht Amber féieren, gouf am Ministère preziséiert. Um Briddel zum Beispill soll d’Leitung mat 120 Meter mat am noosten un d’Haiser erukommen. Eng Distanz, déi awer grouss genuch wier, wéi et geheescht huet.

D’Approche bei der Préiwung wier gewiescht, iwwerall “op der sécherer Säit” ze sinn.

Fir déi nei Héichspannungsleitung musse ronn 150 nei Maste gebaut ginn, mat enger Héicht vu bis zu 60 Meter.

Creos analyséiert Bewäertung

CREOS - de Bauhär vun der neier Stroumleitung - wëllt dem Ëmweltministère seng Bewäertung elo am Detail analyséieren. Et wier ee bestrieft, déi Variant zréck ze behalen, déi de geréngsten Impakt op Mënsch, Natur an Ëmwelt hätt, huet et eis Nofro hi geheescht.

Wann de finalen Tracé bis definéiert ass, da wëllt CREOS sech déi néideg Notzungrechter fir d’Terraine sécheren, fir duerno an d’Autorisatiounsprozedur vun der Leitung ze goen.

Lauschterenplay_arrow