Et wier dramatesch, datt déi eenzel Servicer, déi sech ëm de Kanner a Jugendlechen hir mental Gesondheet solle këmmeren, nach ëmmer net enk genuch zesumme géinge schaffen. Esou d'Reaktioun vun der LSAP-Oppositiounsdeputéierter Francine Closener am 100,7-Interview, no der Presentatioun vum neie Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher um Mëttwoch an der Chamber.
Vill bekannte Problemer
An deem neie Rapport ass déi mental Gesondheet als eng vun den Haaptsuerge vum OKAJU ervirgaangen. Och Jonker selwer koumen an der Chamber zu Wuert fir iwwer hir Erfarung ze schwätzen, déi si mat psychosoziale Strukturen zu Lëtzebuerg gemaach hunn. D’Francine Closener fënnt et eng gutt Saach, datt den OKAJU sech vun deene Jonken, also de Young advisors, berode léisst an op si lauschtert. Dorauser loosse sech elo och Conclusiounen zéien.
"Et feelt u Vertrauen an d'Hëllef, déi bis ewell ugebuede gëtt. Zweetens ass déi Hëllef net effikass. Drëttens sinn nach déi verschidden Ulafstellen, d'Servicer, nach ëmmer net méi vernetzt. Ech denke, dass dat ee vun den Haaptpunkten ass, déi en esou séier wéi méiglech misst ugoen."
Vill vun deene Problemer wiere scho laang bekannt, an awer géing nach ëmmer vill ze wéineg geschéien, esou d’LSAP-Deputéiert Francine Closener.
Bei déi gréng, DP an CSV falen d'Reaktiounen ähnlech aus. Och si fuerderen eng besser Coordinatioun vun deene verschiddenen Ulafstelle fir déi Jonk.