Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR stellt Fuerderungskatalog un d'Gesondheetsministerin

Dräi Motiounen ofgeleent

ADR stellt Fuerderungskatalog un d'Gesondheetsministerin

Schaarf Kritik vun der ADR um aktuelle Gesondheetssystem: D’Deputéiert Alexandra Schoos huet gëschter an enger Interpellatioun an der Chamber ee Fuerderungskatalog un déi zoustänneg CSV-Ministesch Martine Deprez gestallt. Fir si misst de Gesondheetssecteur grondsätzlech iwwerduecht a reforméiert ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Zu de Fuerderunge gehéieren ee Masterstudiegank an der Humanmedezin, eng Dezentraliséierung vun der Spidoolsmedizin, eng Pediatrie am Norden déi 24/7 disponibel ass, d‘Fërderung vun der Teleconsultatioun, oder nach d‘Upassung vun de Remboursementer vun der Krankekeess am Beräich vun zum Beispill de Brëller, an der Kinesitherapie.

D’Regierung géif ze wéineg iwwer d’Santé kommunizéieren, sou nach d’Kritik vun der ADR-Deputéiert. 

De Gesondheetssecteur misst grondsätzlech iwwerduecht a reforméiert ginn, fir datt den Erhalt vun der Gesondheet erëm an de Fokus gesat gëtt. 

“Wat kann am Gesondheetssecteur effizient zesummegeluecht ginn, a wat net? Wou si Plaze fir extra-hospitalier Strukturen, wou maache se Sënn an a wéi enger Form? Mir mussen eist Gesondheetspersonal erëm hire primäre Beruff ausübe loossen a si net un ee Schreifdësch fesselen.“

Interpellatioun lauschterenplay_arrow

Déi dräi Motioune vun der ADR, zum Schafe vun engem cadre juridique fir Gemeinschaftspraxen, der Revisioun vun der Nomenclature an dem Schafe vun enger Pediatrie am Norde goufen iwwerdeems alleguer ofgeleent. 

Aktualitéit
Gesondheet
National
Politik a Gesellschaft