Mat Melkrobotere kënnen déi 300 Kéi vum Sam Mille 24 op 7 gestrach ginn. An engem Dag kommen da ronn 3.000 Liter Mëllech zesummen.
Ier mir an de Stall ginn, musse mir d’Schong desinfizéieren. Esou kënnen d’Kéi besser geschützt ginn, erkläert de Sam.
"Hei sti mer virun der Entrée vum Stall, an hei hu mer dann eeben esou eng Seuschematte, oder esou eng Hygiènesmatte higeluecht. Ebe wéint deenen aktuellen Ëmstänn vun der Maul- a Klauenseusch. Do ass dann eeben dee Produit dran."
Déi schwaarz Matt ass mat engem Saier-Produit gefëllt, deen am beschte géint Bakterien a Virenzelle géif wierken. Do kann ee sech dropstellen an da sinn d’Schong scho méi steril.
De Sam betount, dat eng Hyigiènesbarrière op sengem Betrib souwisou net verkéiert wier. "Elo réischt Recht", seet hien.
Et muss ee sech jo näischt siche goen. An och wann et hei net de Fall ass, datt mer Maul- und Klauensäuche hunn, ass et awer duerchaus e Virdeel fir dee ganze Betrib an och fir d'Déieren, déi hei liewen."
De Sam huet Suerg ëm seng Déieren
Op d’Fro ob de Sam sech Suerge mécht iwwert d’Maul- a Klaueseuch seet hien, datt een oppasse misst. Et wier eng héich ustiechend Krankheet mat schlëmme Konsequenzen. Souwuel fir d’Déieren wéi fir de Bauer. Bei engem Infektiounsfall vun der Maul- a Klauenseusch, muss nämlech all Déier gekeult ginn, erkläert de Sam.
"Ech mengen elo ass dräi Kilometer am Ëmkrees. Dat heescht, wann um Nopeschduerf ee Betrib befall wier oder sou, da géifen eis Béischten dee Moment och gekeult ginn."
Nach ergräift de Sam keng méi streng Moossnamen
Vu datt ganz Regioune betraff wiere bei engem Ausbroch, kéint dëst sech iwwert e puer Méint op d’Fonctionement vum Betrib auswierken. De Sam hofft, datt sech déi Seuch op Brandenburg begrenzt.
"Ech mengen d'Autoritéiten dohannen op der Plaz maachen dat bescht, fir d'Infektioun an deem klenge Radius do ze behalen, respektiv et besteet jo d'Chance, datt se net virugaangen ass. Déi Betriber, déi eben elo dohannen an där Regioun sinn an hir Produiten net kënnen exportéieren, fir déi ass et natierlech immens schwéier."
Wann d’Situatioun sech géif verschlëmmeren, misst ee méi streng Moossnamen huelen, erkläert de Sam. Beispillsweis limitéiere wien de Stall iwwerhaapt betrieden dierf, oder extra Schutzkleedung undoen. Bis elo géif et mat der Matt virum Stall awer duergoen.