arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8,3 Milliounen Euro fir d'Diddelenger Fleegestatioun

Déiereschutz

|
headphones

1 min

8,3 Milliounen Euro fir d'Diddelenger Fleegestatioun

Déi Diddelenger Fleegestatioun fir wëll Déiere gëtt bis 2028 vergréissert a moderniséiert. Dofir ginn 8,3 Milliounen Euro investéiert – 5 Millioune komme vum Ëmweltministère an 3,3 aus dem Landwirtschaftministère. Um Mëttwoch gouf eng deementspriechend Konventioun ënnerschriwwen.

headphones

1 min

Bussard | © Morgane Weidig
Bussard (Foto: Morgane Weidig)

D‘Statioun gouf 1989 gegrënnt an ass iwwert d‘Joren extrem gewuess. Den Ament gi ronn 3.800 Déieren d‘Joer do opgeholl. D‘Statioun ass domat e wichtegen Acteur fir de Schutz an d‘Preservatioun vun der Biodiversitéit am Land, heescht et an engem Communiqué.