arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden hält näischt dovu Regierungsmemberen auszetauschen

Premierminister

|
headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow

Luc Frieden hält näischt dovu Regierungsmemberen auszetauschen

Den CSV-Premier Luc Frieden hält net vill dovu Regierungsmemberen auszewiesselen, just well Kritik vu bausse kënnt. Domat reagéiert hien op Medieberichter doriwwer, datt an der Hallschent vun der Legislaturperiod eng Ëmbildung kéint gemaach ginn.

headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow
De Luc Frieden | © Ana Angel
De Luc Frieden (Foto: Ana Angel)

Zu enger Regierungsëmbildung géif och d'Austausche vu Ministere gehéieren. Besonnesch den Aarbechtsminister Georges Mischo an d'Gesondheetsministesch Martine Deprez stoungen an der Lescht an der Kritik. Et géif awer keng Ëmbildung vun der Regierung ginn, "de Geescht vu Senneng wier nach ëmmer present" esou de CSV-Premier. Hien zitt e Verglach mam Sport.

"Mir setzen e Koalitiounsprogramm ëm a loossen eis net vu bausse stéieren. Mir héieren, wat bausse gesot gëtt, mee ech mengen et ass net wéi am Fussball, wou gejaut gëtt, datt dann den Trainer gewiesselt gëtt oder d'Spiller. Mir hunn hei e Programm an dee Programm gëtt ëmgesat a mir hu villes erreecht. Et bleift nach e gutt Stéck ze maachen a mir gi mat grousser Energie do eran, an déi zweet Halbzeit, well mir si mol nach net an der zweeter Halbzeit."

Et wier nach villes ënnerwee a villes géif och an der Chamber oder beim Staatsrot leien. Wat een op de Wee bruecht hätt, misst elo ëmgesat ginn, esou de Luc Frieden. Et géif een e kloere Plang verfollegen an dovu géif ee sech net vu Baussen ofhale loossen, esou de Premier.

"Dat ass e bësse wéi e Seegelboot. Mir fuere riicht virun, mir hunn e klore Kurs. Heiansdo bléist de Wand, da gëtt de Seegel bëssen hin an hier geréckelt. Mee eise Kurs bleift. (...) Et stiermt , mee d'Boot kentert net."

Dokteschgesellschaften ouni Tutelle vun engem Spidol

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez, déi staark an der Kritk steet, kritt ënner anerem virgeheit, eng ze grouss Liberaliséierung vun der Medezin zouzeloossen. Dozou huet de Premier präziséiert, datt dat esou am Koalitiounsaccord festgehale wier. All Patient soll weiderhin deen nämmlechten Tarif bezuelen an d'nämmlecht rembourséiert ginn, mee déi liberal Doktere sollen sech kënnen a Gesellschaften zesummen dinn, déi net ënnert der Tutelle vun engem Spidol stinn.

"Déi mussen net vun engem Spidol total ofhänken. En Dokter huet ëmmer iergende Lien mat engem Spidol, wann en an eng Urgence kënnt. Mee mir wëllen och der liberaler Medezin eng Chance ginn."

Weiderhi Parteipräsident trotz gespléckter CSV?

D’CSV ass och intern gespléckt. Deeler vun der CSV-Fraktioun hunn an de leschte Méint ëffentlech Kriticken u verschiddene Regierungspositioune formuléiert. An der Fro, wien d’Partei rassembléiere kann an och als CSV-President an déi nächst Chamberwale vun 2028 féiert, huet de Luc Frieden als aktuellen CSV-President gemengt, hie wéilt am Mäerz um Nationalkongress nach eng Kéier kandidéieren.

"Dat muss ech mat de Kolleegen an der Partei beschwätzen. Ech fannen et gutt, datt de Regierungschef och seng Partei leet. Et ass e bësse vill Aarbecht heiansdo, soen ech mer, vläicht ass et besser dat ze deelen, mee vu d'aujourd'hui wäert ech dat maachen."

Prioritéite bleiwen déi nämmlecht

Och an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod wéilt d'CSV-DP Regierung weiderhin op eng staark Wirtschaft setzen, déi gutt Aarbechtsplaze schaaft, esou nach de Luc Frieden. Dat wat een duerch d'Wirtschaft erakritt, soll fir eng staark Sozialpolitik genotzt ginn. 

play_arrow Lauschteren