arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Dury: Dem Luc Frieden geet et just ëm d'Suen

Sozialdialog

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Patrick Dury: Dem Luc Frieden geet et just ëm d'Suen

Dem CSV-Premier Luc Frieden géif et just ëm d'Geld goen. Dat sot den LCGB-President Patrick Dury am 100,7-Interview. Dat mécht den LCGB-President ënner anerem doru fest, datt d'Regierung net méi um Sozialdialog festhale géif.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Den LCGB-President Patrick Dury | © Radio 100,7
Den LCGB-President Patrick Dury (Foto: Radio 100,7)

Et wier scho bal eng philosophesch Fro, seet de Patrick Dury. Nämlech déi, wéi een d'Welt géif gesinn. An do wier een net mat der Regierung op enger Linn.

"Mir si mat enger Regierung konfrontéiert, déi den Tripartitesmodell manifestement net méi wëllt, wou een op Aenhéicht matenee diskutéiert, fir eng Léisung op engem Dossier ze fannen. Dat consulter, décider, dat ass u sech eng Saach, wou ech mengen, wou een awer haut muss zur Kenntnis kommen, datt besonnesch eise Premier d'Welt esou gesäit, datt et ëm de Rendement financier geet. Ech komme vun Esch, do géife mir elo soen, Fric bei nach méi Fric. Et geet do drëms. An do sinn d'Gewerkschaften natierlech en Hemmschong, well déi natierlech och fir Elementer wéi Solidaritéit a sozial Aspekter stinn."

"De Bréif un de Premier war néideg"

Zu Lëtzebuerg géif de Gewerkschafte vun der Regierung net méi nogelauschtert ginn, war och e Constat vum Patrick Dury. Doropshin hätt een handele missen an huet dofir och e Bréif un de Premier Luc Frieden geschéckt andeem een seng Onzefriddenheet vis-a-vis vum Aarbechtsminister Georges Mischo ausgedréckt huet. Datt een eng Ofsetzung vum CSV-Aarbechtsminister an deem Bréif gefuerdert hätt fënnt de Patrick Dury net. Et hätt een d'Saach einfach beschriwwe wéi se wier.

"Et ass eng schonungslos Bestandsopnam vun deem wat mir do erlieft hunn, wéi mir dat erliewen a wéi och domat eis ëmgaangen ass. Ech hunn nach ni en Aarbechtsminister esou iwwert d'Gewerkschafte schwätzen héieren. Dat ass scho bal mam Pifffaass iwwert eis gefuer, iwwert eis Representativitéit, iwwert eis Aarbecht. Respekt fir eis Aarbecht gesäit anescht aus. An dee Respekt gëtt all zweete Saz vum Premier jo agefuerdert. An dat war hei absolutt net de Fall."

Iwwerdeems fënnt de Patrick Dury, datt d'Politik hei am Land net nëmmen eng Clientèlepolitik kéint sinn, fir déi Leit, déi d'Walrecht hunn. D'Politik misst inklusiv sinn, fir all Leit, déi hei liewen, schaffen, a schaffe kommen, wann een dat net fäerdeg géif bréngen, kritt een zu Lëtzebuerg e ganz grousse Problem, esou nach den LCGB-President.

play_arrow Lauschteren