arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All 4. Kand zu Lëtzebuerg ass vum Aarmutsrisiko betraff

Neie Rapport vun der UNICEF

|
headphones

4 min

headphones

9 min

play_arrow

All 4. Kand zu Lëtzebuerg ass vum Aarmutsrisiko betraff

Bei eis am Land ass eent vu 4 Kanner ënner 18 Joer vum Aarmutsrisiko, oder vum Risk vu sozialer Exklusioun, betraff. Dat ass e Chiffer, deen d'UNICEF haut um Donneschdeg um Weltkannerdag nennt. Dobäi ass Lëtzebuerg jo eent vun de Länner, an deenen de PIB pro Awunner am héchsten ass.

headphones

4 min

headphones

9 min

play_arrow
© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

D’UNICEF betount an hirem Rapport, datt et net vill Wuelstandslänner ginn, an deenen et esou vill Aarmut gëtt wéi zu Lëtzebuerg. Ee vun den Haaptfacteure fir d‘Problemer wieren d'Liewenskäschten. Esou brauche monoparental Famille bal d‘Hallschent vun hirem Verdéngscht fir de Logement.

"Am Ufank huet keen eisen Zuele gegleeft"

Am 100,7-Interview weist de Paul Heber vun der UNICEF-Lëtzebuerg drop hin, datt et dem Land méi Sue kascht, näischt géint d’Kanneraarmut ze maachen, wéi wann een eppes dogéint ënnerhuele géing. Am Rapport ass ausgerechent ginn, datt d’Kanneraarmut 3,4 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung kascht. Dat wier een Duerchschnëttswäert fir OECD-Länner, esou de Paul Heber.

De Message wier also kloer: Et mécht net nëmme vun engem soziale Point de Vue, mee och ekonomesch gesi Sënn, géint d’Kanneraarmutt virzegoen.

Dës Etüd gëtt schonn 10 Joer laang publizéiert. Am Laf vun de Joren hätt ee sech esou eng zolidd Base de donnée vun Zuelen opgebaut, seet de Paul Heber. D’Etüd geet deels vill an den Detail, mee wat ee sech verhale misst, dat wier, datt de Problem zwar do ass, mee och léisbar wier.

Par contre hätt een am beschte scho virun 10 Joer misse reagéieren. Mee deemools hätt nach keen hiren Zuele gegleeft, esou de Paul Heber.

Verschidde Léisungsvirschléi

40 Prozent vun dëse Kanner géifen an Aarmut liewen, esou d'UNICEF: Eng combinéiert Reform vun den Allocation-familialen, dem Congé parental an dem Service de garde fir Kanner kéint d‘Situatioun substantiell verbesseren, esou d‘Aschätzung vun der UNICEF.

Zu de Léisungsvirschléi, déi UNICEF proposéiert, gehéiert ënner anerem eng nei Method fir d’Kannergeld ze berechnen. D’Sue sollten net "mat der Géisskan" jidderengem zoukomme gelooss ginn, mee dem Besoin an dem Alter vun de Kanner ugepasst ginn, erkläert de Paul Heber. Jonk Kanner bréichten deemno manner Sue wéi beispillsweis een 12 järegt Kand.

De Paul Hebervun der UNICEF Lëtzebuerg. | © Radio 100,7
De Paul Hebervun der UNICEF Lëtzebuerg. (Foto: Radio 100,7)

De System soll awer universell bleiwen, spréch och eng Famill mat engem Akommes vun iwwer 10.000 Euro de Mount sollt weiderhin dovu profitéiere kënnen. Dat fir eng sozial Fairness a Solidaritéit bäizebehalen.

Wat de Congé parental ugeet kéint ee sech iwwerleeën, d’Limitt vum Alter vum Kand wärend deem een als Elterendeel de Congé huele kann, vu 6 op 12 Joer eropzesetzen. 

Aktuell Mesuren hu schonn een Impakt

Hanner de Kulisse géing vill geschafft ginn, confirméiert de Paul Heber. Et wier een am stännegen Austausch mat der Regierung, an och mat den Acteuren um Terrain, déi eventuell nei Mesuren ëmsetze missten. Och op den zukünftegen nationale Plang géint d’Aarmut sollt dës Etüd een Impakt hunn, hofft de Responsabele vun UNICEF. 

Mee och un deem Plang wäert een an Zukunft ëmmer nees dru feile goen an Upassunge maachen, fir datt en iergendwann der UNICEF hire Virstellunge gerecht gëtt. 

Wat d’Kanneraarmut ugeet géing een awer mierken, datt verschidde Mesuren - wéi zum Beispill d’gratis Kannerbetreiung - zu enger Verbesserung vun der Situatioun bäigedroen hunn. Wann een dobäi nach all déi proposéiert Mesurë vun der UNICEF Lëtzebuerg géing ëmsetzen, rechent de Paul Heber domat, datt "just" nach all 10. Kand vum Aarmutsrisiko betraff ass, an net all 4.

play_arrow Lauschteren