Radioen

On air

Tockcity  |  Sports Team - Condensation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement Ecologique fuerdert méi politesche Wëllen a Saachen nohalteg Entwécklung

Mekoscop

Mouvement Ecologique fuerdert méi politesche Wëllen a Saachen nohalteg Entwécklung

D’CSV-DP-Regierung huet an hirem éischte Joer keent vun hire Verspriechen am Beräich nohalteg Entwécklung ganz ëmgesat. Dat huet de Mouvement Ecologique festgestallt. Vu 77 zentrale Verspriechen aus dem Regierungsprogramm wieren der réischt 22 an der éischter Phas vun der Ëmsetzung, esou eng zentral Conclusioun aus der neier Versioun vum Instrument “Mecoskop”.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

No enger Paus vu fënnef Joer huet de Mouvement Ecologique also erëm säin Online-Gradmiesser “Mecoskop” ausgeschafft. Bis 2028 wëllt d’ONG d’Instrument reegelméisseg aktualiséieren.

Haaptzil dovu wier et, Drock op d’Regierung ze maachen, esou d’Presidentin vum Mouvement Blanche Weber bei der Presentatioun.

Méco: Krise méi konsequent ugoen

Bis elo géif d’Regierungsaarbecht den Erausfuerderunge wéinst der Klima- a Biodiversitéitskris nämlech “a kenger Form” gerecht ginn, kritiséiert d’Blanche Weber.

"An an enger Kris muss ee dach d’Ärem erop strëppen an all Efforten drop leeën, datt mer se bewältegen."

D’Regierung géif dës Krisen awer net mat der néideger Konsequenz ugoen, bedauert d’Presidentin vun der ONG. Si vermësst den néidege politesche Wëllen. Punktuell géifen awer Saache geschéien, zum Beispill beim Energiedësch zu den erneierbaren Energien.

"Eis Fuerderung ass, méi Tempo bei den eegene Verspriechen, mee eis zweet Fuerderung dat ass awer och ganz kloer sech nach méi substantiell mat der Biodiversitéits- a Klimakris auserneen ze setzen, iwwert dat eraus wat am Koalitiounsaccord steet."

Kontakter mam Serge Wilmes "staark ausbaufäeg"

D’Blanche Weber bedauert och, datt de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit just eng “ganz ënnergeuerdent Roll” an der Regierung géif spillen, an e bis elo keng wierklech Akzenter gesat hätt.

D’Kontakter bis elo tëschent dem Minister Serge Wilmes (CSV) an dem Mouvement, beschreift d’Presidentin als „staark ausbaufäeg“.

Dem Mouvement Ecologique säin neie Monitoring vun der Ëmsetzung vum CSV-DP-Regierungsprogramm fannt Dir an dräi Sproochen um Internet ënnert mecoskop.lu.

Lauschterenplay_arrow