Radioen

On air

Notturno  |  Gary Peters - Relent Less

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fränk Arndt zitt sech zeréck, Tessy Küntsch iwwerhëlt Mandat am Gemengerot zu Wolz

LSAP

Fränk Arndt zitt sech zeréck, Tessy Küntsch iwwerhëlt Mandat am Gemengerot zu Wolz

De Fränk Arndt zitt sech aus der Politik zeréck. Dat huet d'LSAP-Sektioun vu Wolz gëschter per Communiqué matgedeelt. D'Presidentin vun der Sektioun d‘Tessy Küntsch iwwerhëlt dat Mandat.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

De Fränk Arndt war ënner anerem 14 Joer Buergermeeschter vu Wolz a souz vun 2013 bis 2018 fir d'LSAP an der Chamber. Hie war no de Gemengewalen nach als einfache Member am Wëlzer Gemengerot. Aktuelle lafen zwou Enquêtë géint hie wéinst Prise illégale d'intérêts, corrruption, respektiv Trafic d'influence an Infraktioune géint d'Naturschutzgesetz.